Infoziedel bis den 14 Oktober

Fir Iech alleguer

  1. Samschdes de 7. Oktober: Franziskusmass um Prënzebierg

Dir alleguer, är Elteren a Geschwëster,… sidd häerzlech invitéiert op de Prënzebierg ze kommen a mat eis des Scouts-Mass ze feieren. Di Mass gëtt zu Éiere vu verstuerwene Memberen aus eisem Grupp gehalen.  D‘Mass fänkt um 15:30 Auer wärend der Versammlung un, fir dat och d’Kanner dorun deel huele kennen. Duerno gëtt et e klenge Patt, gesponsert vum Grupp fir dat mir gemittlech zesummen dat neit Scoutsjoer ufänke kënnen. Mir bieden Iech är Autoen ënne bei dem ale Site vun der Eucosider stoen ze loossen an ze Fouss erop ze goen!

2.     National Commemoratioun de Sonnde 15 Oktober zu Péiteng

Mier gesinn eis an Uniform um 9:45 Auer zu Péiteng op der Place J.F. Kennedy vu wou et am Cortège bis bei d’Monument aux morts bei der Parkschoul geet fir déi offiziell Gedenkzeremonie. Duerno ass um 11 Auer nach eng feierlech Mass. Géint 12 Auer kennen d’Kanner erëm bei der Porkierch ofgeholl ginn.

  1. Aschreiwung vun neie Memberen an Aktualiséiere vum Membersfichier:

Am Unhang vum Bréif fannt der e Formular wou mir är Kontaktdate froen. Fir eis ass dat wichteg fir de Membersfichier à jour ze halen. Op deem Formular stinn och nach Informatioune fir d’Cotisatioun ze bezuelen, a mir froen den Accord vun ären Eltere fir Photoe vun iech ze maachen. Dir fannt och eng fiche médicale , déi ass wichteg fir dat mir déi néideg Informatiounen (Allergien,..) hu fir d’Versammlungen. Loosst är Elteren dëss Formulare w.e.g. ausfëllen a bréngt en déi nächst Versammlunge mat oder mailt ze op zwick.claire@gmail.com.

  1. Montées-Weekend  vum 28-29 Oktober um Misärshaff:

Bei der Montée wiesselen déi eelste Kanner aus all Branche (Altersgrupp) an di Branche doriwwer. Wëll dat e besonnesche Moment fir all Guide/Scout ass, wëlle mir dat all zesummen am Grupp op engem Weekend feieren. D‘Umeldunge sinn ab elo op! Mellt iech beim Claire (621 68 39 99) bis de Méinden 23 Oktober un (och Chef a RaRo!!), fir dat mir de Weekend besser plange kennen. De Weekend kascht 30€ fir dat 1. Kand aus der Famill dat an de Scouten ass, a 25 € fir all weider Geschwëster. Äert Kand ass nëmmen definitiv ugemellt wann déi Suen iwwerwise sinn. Dir kennt d’Iwwerweisunge bis de 23 Oktober op eise Kont maachen:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

30 oder 25€

Mentioun “Montée [Numm vum Kand+Branche wou Kand grad dran ass]”

Mier bieden iech fir all Kand aus ärer Famill eenzel!!! ze iwwerweisen. Ufank vum W.E.: Samschdes den 28.10 um 14h Schluss vum W.E.: Sonndes 29.10 um 16:00 Auer Wieder Detailer kommen am nächste Bréif no.

Fir d’Biber

De 07. Oktober ass nieft eiser Versammlung och eis Franziskussmass. Dofir hu mir eng méi kuerz Versammlung. Mir treffen eis wéi ëmmer géint 13.45 ënne bei der Eucosider. Mir hu Versammlung bis 15.30 dono hu mir all zesummen eis Franziskussmass. (do dierf dir och är Uniform undoen wann dir schonn eng hutt) Dofir sinn och all Elteren a Famill invitéiert. Liest dofir och bei “fir iech alleguer” De 14. Oktober hu mir wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir ginn och do all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13.45 ënne bei d’ Eucosider. Denkt och drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108). Bréngt och roueg all är Kolleege mat, dass si d` Scoute kenne léiere kennen.

Fir d’Wëllefcher

Deemnächst ass et esou weit, mir ginn zesummen ob de Montées Weekend. Kuckt dofir uewe bei „Fir Iech alleguer“. Virdrunner hu mir nach eng Versammlung de Samschde 7. Oktober ,Start ass um 14h um Prënzebierg. Déi Versammlung dauert e bësse méi laang well mer zesummen d’Franziskusmass feieren. Kuckt och bei „Fir Iech alleguer“. De Samschden drop de 14. Oktober hu mer normal Versammlung vu 14h00-16h00 um Bierg. 

Fir d’Avex

De 7 Oktober fänkt eis Versammlung normal um 14h un, mee dauert méi laang wëll mir um 15:30 bei der Scouts-Mass matmaachen. Kuckt dofir uewe bei „Fir Iech alleguer“. D’Eltere kënne gär an d‘Mass kommen, e Patt mat eis drénken an d’Kanner duerno mat heem huelen. De 14 Oktober maache mir eng Sortie an de Klammpark. Start ass um 13h ënnen bei der Eucosider. Retour ass géint 17:30h. Mellt Iech w.e.g. beim Fränz u per SMS um 691942484. Matbréngen: Bidon mat Waasser, Foulard, Eppes fir de klengen Honger an ditt Iech dem Wierder no un

Fir d’CaraPio

Denkt drun iech fir d’Versammlunge bis Freides um 14:00 per SMS un ze mellen. E Samschden, 7. Oktober hëllefe mer ab 14:00 beim Opriichte fir d’Franziskusfest. Liest den Detail weider uewen. E Samschden, 14. Oktober gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Fir d’RaRo

De 7 Oktober hëllefe mer bei der Franziskusmass an dem Patt duerno. Liest den Detail weider uewen. De 14 Oktober hu mir normal Versammlung.

Fir d’Albatrossen

Eis nächst Versammlung ass de Freiden 13 Oktober um 20h am Chalet.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top