Infoziedel bis den 4 November

Fir Iech alleguer

Montées-Weekend  vum 28-29 Oktober um Misärshaff:

Bei der Montée wiesselen déi eelste Kanner aus all Branche (Altersgrupp) an di Branche doriwwer. Wëll dat e besonnesche Moment fir all Guide/Scout ass, wëlle mir dat all zesummen am Grupp op engem Weekend feieren. D‘Umeldunge sinn ab elo op! Mellt iech beim Claire (621 68 39 99) bis de Méinden 23 Oktober un (och Chef a RaRo!!), fir dat mir de Weekend besser plange kennen. De Weekend kascht 30€ fir dat 1. Kand aus der Famill dat an de Scouten ass, a 25 € fir all weider Geschwëster. Äert Kand ass nëmmen definitiv ugemellt wann déi Suen iwwerwise sinn. Dir kennt d’Iwwerweisunge bis de 23 Oktober op eise Kont maachen:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

30 oder 25€

Mentioun “Montée [Numm vum Kand+Branche wou Kand grad dran ass]”

Mier bieden iech fir all Kand aus ärer Famill eenzel!!! ze iwwerweisen.

Ufank vum W.E.:

Mir bieden d’Elteren d’Kanner Samschdes den 28 Oktober fir 14h op de Misaershaff (L-8808 Arsdorf (près Pont Misère, Accès via CR309 ) ze bréngen. Et ass gutt wann dier Fuergemeinschafte kennt maachen.

Fir d’Chef: D‘Chef sollen hir Aktivitéiten/Konstruktioune fir d’Montée Samschdes virum Mëttegiessen opriichte kommen. D‘Mëttegiessen ass um 11:30 , sot do w.e.g dem Claire Bescheed op der wëllt matiessen. Um 12:30 ass dann den obligatoresche Briefing fir all Chef , spéitstens do sollt dir all do sinn.

Mathuelen: Foulard undoen, Täscheluucht, Täschemesser, Bidon, Wäschsaachen (Zahnpasta, Zännbiischt, Seef, Handduch…), Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sinn an eppes géint de Reen daachen), Schlofsak, déck Schong, Schlappen, Spullduch, déi ausgefëllte Fiche Médicale (dir fannt d’Fiche Médicale op: www.lgspeiteng.lu/doc ) , Kopien vun der Impfkaart an der carte sécurité sociale, a perséinlech Medikamenter. Bréngt och eng Tupperware-box oder eng änlech Iessbox mat . wann eppes vum Iessen iwwreg bleift, kennt dir dat gäre gratis mat heem huelen. Verpaakt alles an engem Rucksak. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen.

 Fir d’Avex déi Montée maachen, Pio, RaRo a Chef: denkt och un är Carrymatt.

Schluss vum W.E.:

D’Eltere kënnen hier Kanner nees Sonndes den 29 Oktober um 16:00 Auer op de Misaershaff siche kommen.

Fir d’Biber

Den 21. Oktober hu mir wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir bastelen zesummen eppes fir Halloween. Treffpunkt ass wéi ëmmer géint 13.45 ënne bei der Eucosider. Denkt och drun iech beim Claire Zwick ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108). Den 28-29. Oktober gi mir dann endlech all zesummen op d`Montée. Denkt drun d`Suen ze iwwerweise fir dass dir definitiv ugemellt sidd. (Kuckt dofir bei „Fir iech alleguer“) Dono ass scho Schoulvakanz dofir ass de 04. November keng Versammlung.

Fir d’Wëllefcher

De Samschden  21 Oktober ass eng normal Versammlungen um Bierg, dofir treffe mir eis wéi gewinnt vu 14h bis 16h beim Chalet. Mir fänken do u verschidden Themae vu Badgen duerchzekucken. Den 28 an 29 Oktober gi mer zesummen op de Montées-Weekend, kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“. Fir weider Infoen oder Froe kennt der den Alex um: 691 177 773 erreechen. De 4 November ass keng Versammlung wéinst der Schoulvakanz.

Fir d’Avex

De Samschden  21 Oktober ass eng normal Versammlungen um Bierg, dofir treffe mir eis wéi gewinnt vu 14h bis 16h beim Chalet. Den 28 an 29 Oktober gi mer zesummen op de Montées-Weekend, kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“. De 4 November ass keng Versammlung wéinst der Schoulvakanz.

Fir d’CaraPio

De Samschden, den 21. Oktober fält d’Versammlung leider aus. D’Woch drop vum 28. bis den 29. Oktober ass de Montéesweekend, liest dofir den Deel „Fir iech all“ a bréngt ausser deenen opgelëschte Saachen nach folgend Saache mat: eng déck Jackett fir dobaussen ze si bei all Wieder, Schlofsak a Carrymat.

E Samschden, 4. November moies hëllefe mer bei der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail wieder ënnen. Nomëttes ass keng Versammlung.

Fir d’RaRo

De Samschden 21 Oktober ass eng normal Versammlung. De Weekend vum 28-29 Oktober gi mer op de Montées-weekend , kuckt dofir wieder uewen. De Samschde 4 November ass moies Pabeiersammlung ,um 8:30 ass RDV um ale Site Eucosider.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschde 04 November ass Pabeiersammlung. Rdv ass moies um 8:30 um ale Site Eucosider. Merci fir är wäertvoll Hëllef. 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top