Infoziedel bis den 18 November 2023

Fir Iech alleguer

 Aschreiwung vun neie Memberen an Aktualiséiere vum Membersfichier:

Fir all déi, déi de Formular mat äre Kontaktdaten nach net ofginn hunn, denkt wannechgelift drun deen an der nächster Versammlung ofzeginn oder mailt en op zwick.claire@gmail.com. Op deem Formular stinn och nach Informatioune fir d’Cotisatioun ze bezuelen. Dir braucht déi Cotisatioun fir bei den LGS verséchert ze sinn.

Fir d’Biber

Den 11. an 18. November hunn mir wéi gewinnt vun 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir ginn och do all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13:45h ënnen bei d’ Eucosider. Denkt och drun iech ofzemellen wann dir net kennt kommen (691309108). SAVE THE DATE: Den 18. bis den 21. Juli ginn mir zesummen op eisen Summercamp. Deen ass dëst Joer zu Réiser.

Fir d’Wëllefcher

Elo no der Montée geet et drëm deenen néie Wëllef e bëssen ze weisen, wat mir esou an de Wëllefcher maachen. Dofir treffe mir eis den 11. an den 18. November vu 14-16h zu Péiteng um Prënzebierg. 

Fir d’Avex

Den 11. an 18. November hu mir wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. 

Fir d’CaraPio

De Samschden 11 November ass leider keng Versammlung. De Samschden drop den 18 November ass normal Versammlung vu 14-16h. Fir de 25 November hu mer eng Versammlung mat Aféierung an d’Schaffe mat enger Motorsee geplangt. Dir dierft also gespaant sinn…

Fir d’RaRo

Den 11. an 18. November hu mir wéi gewinnt vu 16:15-18:15h Versammlung um Prënzebierg. 

Fir d’Albatrossen

Eis nächst Versammlung ass de Freiden 10 November um 20h am Chalet.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top