Infoziedel bis den 9 Dezember 2023

Fir Iech alleguer

Niklosmaart

Wéi all Joer hu mir e Stand um Niklosmaart zu Péiteng. Mir sinn den 2 an 3 Dezember op der Maartplaz fir flott Arrangementer ze verkafen an Iech eise Scoutspunsch unzebidden. Mir freeën eis op äre Besuch!

Den Niklosmaart ass eng Aktivitéit fir di Jonk ab CaraPio-Alter a mir wëllen Iech drop hiweisen dat Biber, Wëllef an Avex ënnert der Verantwortung vun hiren Eltere bléiwe wann si op de Maart kucke kommen.

Um Maart selwer si meeschtens wéineg Adventskränz ze verkafe well mir op Bestellung schaffen. Duerfir bestellt séier e Kranz per Telefon oder Email beim Claire Zwick (691 309 108 oder zwick.claire@gmail.com) bis de 29 November, fir och sécher een ze kréien. Mir liwweren d’Kränz och de 1 Dezember bei Iech heem. Eis Modeller vun de Kränz kennt an eisem Flyer am Unhang kucken.

Fir d’Biber

De 25. November hu mir keng Versammlung. Nom Niklosmaart , den 2-3 Dezember, geet et rëm weider. Liest dofir bei „Fir Iech alleguer“. Dir kennt gäre mat ären Eltere bei eise Stand laanscht kucke kommen. De Samschden 09. Dezember ass wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir ginn och do all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13.45 ënne bei d’ Eucosider. Denkt och drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108).

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher dëse Samschde  25. November kache mir dobaussen an der Natur. Miam Miam ? Dofir treffe mir eis schonn ausnamsweis um 11h00 zu Péiteng um Prënzenbierg a kachen dann eppes zesummen. Dës Versammlung dauert bis 14h00. Bréngt äert Täschemesser mat wann dir schonn eent hutt. Fir dës Versammlung musst Dir Iech beim Alex (691 177 773) umellen. Den 2 Dezember ass keng Versammlung well mir um Niklosmaart sinn, kuck dofir uewe  bei „Fir Iech alleguer“ a kommt eis gäre mat ären Eltere besichen.

Den 09. Dezember ass eis Niklos Versammlung.  Bréngt dofir eng Boule fir ob de Chrëschtbeemchen, an ee Cadeau deen net méi deier wéi 12€ ass ( am beschte selwer gebastelt), mat.

Fir d’Avex

Samschdes de 25. November a Samschdes den 9. Dezember gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.  Den 2 Dezember ass den Niklosmaart zu Péiteng. Do ass keng Versammlung mee dir kennt gäre mat ären Elteren op eise Stand kucke kommen. Liest duerfir bei “fir Iech alleguer”.

Fir d’CaraPio

Denkt drun iech fir d’Versammlunge bis Freides um 14:00 per SMS un ze mellen. Samschdes de 25. November gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg fir eis Aféierung an d’Motorsee. No der Versammlung kennt der bei Famill Zwick hëllefe komme fir d’Adventskränz ze wéckelen. Liest dofir ënne bei „ Fir d’CaraPio, RaRo,…“. De Weekend vum 2-3 Dezember gëtt är Hëllef beim Niklosmaart gebraucht duerfir ass do keng Versammlung. De Samschden 9 Dezember ass moies Pabeiersammlung um 8:30h a mëttes normal Versammlung vu 14-16h. 

Fir d’RaRo

Samschdes de 25. November an 9 Dezember sinn normal Versammlungen um Prënzebierg. An der Zäit vum 25.11 bis de 1.12. hëllefe mer Kränz wéckelen, kuckt dofir d’Informatioune weider ënnen.De Weekend vum 2-3.12. ass Niklosmaart, kuckt dofir d’Informatioune weider ënnen. Net vergiessen: De Samschden 9 Dezember ass moies Pabeiersammlung ?, RDV um 8:30h op der Eucosider.

Fir d’Albatrossen

Mir gesinn eis de Freiden 8 Dezember um 20h beim Chalet. Ditt Iech waarm un, mir sinn dobaussen. Et gëtt Klengegkeeten ze schmaachen an ze drénken. Fir den Niklosmaart kuckt weider ënnen.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Fir äis Adventskränz-Aktioun schaffe fänke mer dëst Joer éischter un. Mir treffen eis fir d’Kränz ze wéckele bei der Famill Zwick (71, route Niederkorn L-4762 Pétange). Mir hunn eis geduecht dat et do méi einfach ass hinzekommen a méi gemitterlech. Mir schaffe Samschdes de 25.11 ab 16h , Sonndes de 26.11 a vu Méindes de 27. 11 bis Donneschdes de 30.11 all Nomëtte vu 15h un. Fir gutt Stëmmung, Iessen a Gedrénks ass gesuergt, bréngt just är Schaffhändsche mat.

De Freiden 1 Dezember ass Rdv um 19h zu Rodange bei der Garage fir Material vun eisem Stand opzelueden. Um Niklosmaart selwer, de Samschden 2.12 bis de Sonnden 3.12. brauche mir och deng Hëllef fir op-an ofriichten a fir ze verkafen. Mir sinn ëmmer vun 11h ons op eisem Stand. 

De Samschden 9 Dezember ass Pabeiersammlung. RDV um 8:30h op der Eucosider. En decke Merci am Numm vum Grupp fir deng Hëllef. 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top