Infoziedel bis den 17 Februar 2024

Fir Iech alleguer

Buergbrennen

Mir invitéieren Iech alleguer mat äre Famillen, Frënn, Noperen, Bomie …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen.

Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg de 17 Februar.

 De Fakelzuch geet um 18:30 Auer ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaangen. D’Kanner kennen eis mëttes fir 15h hêllefen kommen mat der Buerg. Jidderee wou beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.

Scoutstheater

 E puer Weekender drop, den 08. an de 09. Mäerz spille mer Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Et gëtt gespillt :

D’Cheféquipe a Mataarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Jennifer Hülser iwwersat vum Jos Weimerskirch

Männergripp-

Liefs de nach oder stierfs de schonn

De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am grousse Sall sinn.) De Preis ass 10€ fir Erwuessener a 5€ fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen  awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed. Dir kennt Är Platzen,  ab dem 19.02.2024 ëmmer vu 17-19h um 621 73 61 00  (Elsen) reservéieren. P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!

Léif Kanner ären Proufplang ass bal fäerdeg. Wann nach Kanner sinn déi nodréiglech awer wëlle matspillen da mellt Iech beim Alex (691 177 773). Dir kritt en Ziedel geschéckt mat de Proufzäiten a mir maachen eng Whatsapp-Grupp mat den Elteren. 

Fir d’Biber

De 27. Januar an den 03.Februar hu wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir gi wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13:45 ënne bei d’ Eucosider. Denkt och drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108). Dot iech waarm un ! Mir wäerte vill dobausse sinn, och wann et reent oder schneit. Den 11. Mee ass de Bibermud zu Lëlz. Dat ass e Rallye, wou Biber aus dem ganze Land kenne matmaachen. Mir gi Moies zesumme fort a kommen am spéiden Nomëtten erëm zesummen heem. Wann dir mat wëllt, mellt iech bis de 27.01 beim Claire (691309108) un! Dono ass Fuesvakanz. Do hu mir keng Versammlungen. De 17. Februar ass eis traditionellt Buergbrenne wou mir dem Wanter Äddi soen. Kuckt dofir bei “fir iech alleguer”.

Fir d’Wëllefcher

De 27 Januar an de 03 Februar ass normal Versammlung um Bierg vu 14-16h , mir bereeden eis do schonn op den Theater fir. Dono ass Fuesvakanz do hu mir keng Versammlung. De 17. Februar ass eis traditionellt Buergbrennen . Liest dowéinst och bei “Fir Iech alleguer”

Fir d’Avex

Mir si frou dat dir alleguer gesond a monter aus de Schivakanzen zréck sidd. De 27 Januar an de 03 Februar ass Versammlung um Bierg vu 14-16h. Den 27.01 maache mir Fäsche fir d’Buergbrennen, bréngt Schaffhändsche mat. Dono ass Fuesvakanz do hu mir keng Versammlung, dofir ass awer de 17. Februar eis traditionellt Buergbrennen .Liest dowéinst och bei “Fir Iech alleguer”

Fir d’CaraPio

De 27 Januar fält d‘Versammlung leider aus. Den 3.2. ass moies Pabeiersammlung a mëttes gesi mer eis nees vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Dono ass Fuesvakanz do hu mir keng Versammlung, dofir ass awer de 17. Februar eis traditionellt Buergbrennen.  Liest dowéinst och bei “Fir Iech alleguer” an ënnen bei „Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’RaRo

De 27 Januar an de 03 Februar ass normal Versammlung, duerno ass Fuesvakanz. De 27 Januar moies um 9h siche mer eis e puer schéi Beem fir d’Buergbrennen a maache Fäschen. Mir fänken em 9h moies un, iesse mëttes eppes zesummen a maache weider bis mer genuch Material hu fir e schéint Feierchen. Vergiesst är Schaffhändschen net. Den 3 Februar ass moies Pabeiersammlung , kuckt bei „ Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’Albatrossen

Di nächst Albatrossversammlung ass de 9 Februar. Mir treffen eis um 20h beim Chalet  de Rescht ass nach eng Iwwerraschung. Kuckt och bei „ Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Samschdes de 27. 01 siche mer eis e schéine Bam fir d’Buergbrennen a maache Fäschen. Mir fänken em 9h moies  bei der Eucosider un, iesse mëttes eppes zesummen a maache weider bis mer genuch Material hu fir e schéint Feierchen. Vergiesst är Schaffhändschen net. Wann der Bellen oder Macheten hutt, da bréngt déi och mat.

De Samschden 03.02 ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Kommt a maacht mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)

De Samschdes de 17.02 riichte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 10°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet. Matbréngen: Schaffhändschen, Tupperware fir wann dir nach Ravi wëllt mat heem huelen a gutt Laun 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top