Infoziedel bis den 16 Mäerz

Fir Iech alleguer

Scoutstheater

  An e puer Weekender ass et esou wäit, den 08. an de 09. Mäerz spille mer Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Am Interêt vun eiser Ëmwelt hale mir eis dëst Joer bei der Organisatioun vum Theater un d‘Critèrë vum „Green Event“. Mir wäerten op Eenweeplastik verzichten (Chips net aus Chipstuten, keen Zellophan an der Tombola), Gedrénks aus Glieser zerwéieren a lokal, regional an/oder biologesch Produite verkafen.

D’Kanner spillen

Op der Sich no der verluerener Zäit

Vum Roland Meyer

D’Cheféquipe a Mataarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Jennifer Hülser iwwersat vum Jos Weimerskirch

Männergripp-

Liefs de nach oder stierfs de schonn

De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am grousse Sall sinn.) De Präis ass 10€ fir Erwuessener a 5€ fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen  awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed.

Dir kennt Är Platzen,  ab dem 19.02.2024 ëmmer vu 17-19h um 621 73 61 00  (Elsen) reservéieren.

Wëll den Home St. Hubert matzen am Duerf läit, rode mer Iech ze Fous oder mam Vëlo ze kommen; oder op den ëffentlechen Transport zréck ze gräifen. D‘ Busser 3, 703 an N05 halen um Busarrêt „Pétange, Maison des jeunes“ an d’Busser 3, 703, 751, 767, 774 an N05 halen um Arrêt „Pétange, Rue Gillardin“. Dir kennt och den Zuch huelen , d’Gare ass 10 min vum Home ewech.

P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. W.e.g. denkt drun d’Cadeauen net an Zellophan anzepaken. Villmools Merci am viraus! 

Léif Kanner hei ass nach ären Proufplang fir déi nächst Wochen:

Et ass Prouf , de Mëttwoch 21.02, Méindes de 26.02, Mëttwochs den 28.02, Méindes de 04.03 a Mëttwochs de 06.03 (optional de 05.03). D’Prouwe sinn entweder vu 17h-18h oder vun 18h-19h jee nodeems a wéineger Grupp dir sidd. 

Fir d’Biber

Léiw Biber, mir wollten Iech Merci soe fir är Hëllef an de flotten Owend vum Buergbrennen. De 24 Februar, den 02 an de 16 Mäerz hu mir wéi gewinnt Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Mir gi wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13:45 ënne bei d’ Eucosider. Denkt och drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108). Dot iech waarm un ! Mir wäerte vill dobausse sinn, och wann et reent oder schneit. Dir hutt villäicht gemierkt, dass dotëschent ee Samschde feelt. Den 08 an den 09. Mäerz spille mir Theater. Do ass keng Versammlung.  Kuckt dofir bei “fir iech alleguer” an denkt un är Prouwen.  

Fir d’Wëllefcher

Léiw Wëllef, merci fir är Hëllef beim Buergbrennen. Elo geet et wieder mat de Versammlungen, de 24 Februar, den 02 an de 16 Mäerz hu mir wéi gewinnt Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. De Weekend dertëschent , den 08 an den 09. Mäerz spille mir Theater, do ass keng Versammlung. Kuckt dofir bei “fir iech alleguer” an denkt un är Prouwen. 

Fir d’Avex

De Samschde 24 Februar hu mir wéi gewinnt Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Den 02 Mäerz ass Treffpunkt um 14h ënne bei der Eucosider . Mir gi Schlittschung fueren. Dofir geet d’Versammlung och bis 17h , Schluss ass erëm ënne bei der Eucosider. Mathuelen: eppes ze drénken, waarm undoen , Händschen undoen, 6 Euro Täschegeld . Di Avex , déi Schlittschung hunn, kennen déi och matbréngen.  Den 08 an den 09. Mäerz spille mir Theater. Kuckt dofir bei “fir iech alleguer” an denkt un är Prouwen. De Samschde 16 Mäerz hu mir wéi gewinnt Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. 

Fir d’CaraPio

De 24 Februar, den 02 an de 16 Mäerz hu mir wéi gewinnt Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. De Weekend dertëschent , den 08 an den 09. Mäerz spille mir Theater. Fir den Theater hëllefe mer beim opriichten, liest dozou méi wieder ënne bei „Fir d’CaraPio, RaRo,….“. De 16 Mäerz ass och Pabeiersammlung, kuckt dofir ënne bei „Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’RaRo

De 24 Februar, den 02 an de 16 Mäerz hu mir wéi gewinnt Versammlung vu 16:15-18:15 um Prënzebierg. De Weekend dertëschent , den 08 an den 09. Mäerz spille mir Theater. Kuckt dofir ënne bei „Fir d’CaraPio, RaRo,….“. De 16 Mäerz ass och Pabeiersammlung, kuckt dofir ënne bei „Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Den 08 a 09.03  ass den Theater. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrénks, sou  ewéi em d’ofriichte Samschdes owes. R.d.v all Owend vu  17°° un am Home.

De Samschde 16.03 ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Deng Hëllef ass wëllkomm ?

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top