Infoziedel bis den 13 Abrëll 2024

Fir Iech alleguer

E grousse Merci un alleguer déi gehollef hunn d’Buergbrennen an den Theater ze organiséieren an déi eis ënnerstëtzt hunn, andeems si kucke komm sinn. Villmools Merci dir waart super!

Fir d’Biber, Wëllef, Avex an CaraPio

De Samschden 23. Mäerz huele mir zesummen  un der Fréijoersbotz vun der Gemeng deel, dëst Joer heescht dat „ Eng Kuer fir d’Natur“. Ee mol am Joer hëllefe mir esou eise Bësch a Park schéi propper ze halen. Dofir treffe mir eis scho Moies um 8:00 bei “a Rousen” Place du Marché zu Péiteng, beim Policebüro. Do kréie mir eist Material a ginn dann zesumme botzen. Um 12:00 si mir da bei den Ateliers communaux (29, Rue de Linger) wou mir zesummen Ierbessebulli iessen. Dir kennt äert Kand um 13:15 dann dohi siche kommen. Wann der wëllt kënnt dir nach gäre mat ären Elteren déi verschidde Stänn an Aktivitéite kucke goen.

Mathuelen: Kleeder fir all Wierder, Foulard an Uniform (déi eng hunn), Schaffhändschen

Dono ass Ouschtervakanz do hu mir keng Versammlungen (30.03, 06.04. & 13.04) Mir wënschen ärer ganzer Famill schéin Ouschteren!

Fir d’Avex

Dir kritt och nach en Ziedel mat den Informatioune fir ären Camp geschéckt. Frot bei ären Chef no wann der näischt kritt hutt bis e Samschden 23.03. 

Fir d’Albatrossen

Di nächst Albatrossversammlung ass de 12 Abrëll. Mir treffen eis um 20h beim Chalet  de Rescht ass nach eng Iwwerraschung. Kuckt och bei „ Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’Chef

Den nächsten Grupperot as den Mettwoch 17 Abrëll um 20h am Chalet.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 13 Abrëll ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Elo schonns e decke Merci fir deng Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top