Infoziedel bis de 27 Abrëll 2024

Fir d’Biber

No der Ouschtervakanz geet et lo erëm lass. Dëst ass en Ziedel mat villen wichtegen Infoe liest en also opmierksam duerch.

Den 20. a 27. Abrëll hu mir wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir gi wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13:45 ënne bei d’ Eucosider. Denkt w.e.g drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108). Mir kafe Material fir eis Versammlungen, wat herno net benotzt ka ginn, wann dir iech net ofmellt. Dat ass schued. Dot iech dem Wieder no un ! et ass Abrëll an d’ Wieder mécht sengem Mount all éier, mir wäerte vill dobausse sinn. De Summer steet virun der Dier, do hu mir villes wëlles.

De 27. Abrëll hu mir um 16h00 eng Eltereversammlung um Bierg geplangt. Hei kritt dir detailléiert Infoen zum Weekend an zum Camp. Dir kennt awer och komme fir allgemeng Infoen zu de Biber. Mellt Iech bis de 25.04 beim Claire (691309108) un.

Den 11. Mee ass de Bibermud do kritt dir nach mei Informatiounen. Wann dir ugemellt sidd, iwwerweist w.e.g. 10 € u follgend Kontosnummer:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Vermierk: Numm + Nonumm Bibermud 2024

Äert Kand dass nëmmen definitiv ugemellt wann d’Suen iwwerwise sinn.

Den 08. bis den 09. Juni hu mir e Weekend geplangt. Mir freeën eis wann dir all matkommt. Mellt iech dofir bis den 18. Mee beim Claire (691309108) un.

Als läscht nach emol den Datum vum Camp: 18.07. bis 21.07. Hei komme mei spéit nach Infoen no.

Fir d’Wëllefcher

D’Vakanz ass eriwwer an elo geet et endlech erëm lass. Den 20 Abrëll hu mir wei gewinnt Versammlung vu 14.00 bis 16.00 Auer um Prënzebierg. Elo bei dem bessere Wierder wäerte mer ganz vill dobausse sinn also ditt Iech ëmmer dem Wierder no un.

De Samschde 27 Abrëll ass keng Versammlung well mir de Sonnden 28 Abrëll op de Wëllefchersrallye um Kierchbierg ginn. Dofir treffe mir eis Sonndes moies um 8h30 zu Péiteng op der Gare wou mir dann den Zuch huele fir an d‘Stad. Kommt netz e spéit well den Zuch waart net.  Huelt ee klenge Rucksak mat Picknick, e Bidon mat Waasser, eng Kapp, a Sonnecrème, Täscheluucht  mat. Fëllt och eng Fiche medicale aus a bréngt ze mat. (Dokumenter – LGS Péiteng (lgspeiteng.lu) . Optimal ass et wann der är Uniform+Foulard a bequeem Schong unditt. Dir kennt och 10€ Täschegeld mathuele fir e klenge Snack ze kafen (et gëtt  kee komplett Mëttegiessen ze kafen). Mir sinn erëm Sonndes owes um 18h15 zréck zu Péiteng op der Gare. Mellt Iech w.e.g. beim Claire (621 683999) un. Iwwerweist  och w.e.g. 10 € u follgend Kontosnummer:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Vermierk: Numm + Nonumm Wëllefchersrallye 2024.

Äert Kand dass nëmmen definitiv ugemellt wann d’Suen iwwerwise sinn.

Fir op de Kalenner: Eise Summercamp ass vum 23 Juli bis den 28 Juli zu Ohn bei der schéiner Musel

Fir d’Avex

Salut AvEx, den 20. 04 hu  mer normal Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Fir d‘Versammlung vum 27.04 ass eng speziell Nuetsaktivitéit ugesot.Mir ginn zesumme mat den Déifferdenger Avex op den nationalen Nuetsrallye op Rodange. Treffpunkt ass um 18h zu Rodange beim Scoutschalet (60 Rue de la Minière, 4839 Rodange ). Den Nuetsrallye dauert +- 4 Stonnen. Dot Iech dem Wierder no un a bréngt eng Täscheluucht an eppes ze drénke mat. Denkt och un är Gamell well et gëtt e gudden Teller Zopp. Mellt Iech beim Fränz un (691 942 484) D’Aktivitéit kascht 10 € , déi sollen op dëse Konto iwwerwise ginn:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Vermierk: Numm + Nonumm Nuetsrallye 2024.

Äert Kand dass nëmmen definitiv ugemellt wann d’Suen iwwerwise sinn. Méi genau Informatioune kommen nächste Weekend no esou bal d’Umeldungen all fäerdeg sinn.

P.s. Denkt och drun Iech fir de Summercamp unzemellen.

Fir d’CaraPio

Mir beeten en Hoch a roomen eng Escape : de 20 an den 27 Abrëll gesi mer eis all Kéier vu 14-16h Auer um Prënzebierg. Fir op de Kalenner : den 18 Mee gi mer op de Bealtaine.

Fir d’Albatrossen

De Freiden 19 Abrëll ass Generalversammlung vun der Guilde wou mir jo och Member sinn. Duerno gëtt et natierlech och nach en Apéro ? Treffpunkt ass um 19h Auer am Chalet.

Fir d’Chef

De Mëttwoch 17.04 ass Grupperoot um 20h am Chalet.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Mir plangen de 4-5 Mee e Schaffweekend beim Chalet fir e bësse Fréijoersbotz ronderëm de Chalet an an der Garage zu Rodange ze maachen. Méi genee Informatioune kommen no. Interesséiert Persoune kennen sech beim Claire (621 68 39 99) umellen. Dir musst net de ganze Weekend do sinn, sot just Bescheed fir dass mir d’Iesse besser plange kennen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top