Infoziedel bis den 25 Mee 2024

Fir d’Biber

Léiw Biber,

De 04. Mee hu mir wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir gi wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13.45 ënne bei d’ Eucosider. Denkt w.e.g drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108). Dot iech dem Wieder no un, mir wäerten dobausse sinn.

Den 11. Mee ass de Bibermud. Mir treffen eis Moies um 09:00 zu Déifferdeng um Parking “Hauts- Fourneux. Retour ass och erëm do um 18:00 Owes.

Anpaacken: E klenge Rucksack mat,

  • E Bidon mat Waasser
  • Sonne Kap a Sonnecrème
  • Reejackett
  • Fest Schong
  • Pic-Nic (Fir Mettegiessen)
  • Gutt Laun
  • Motivatioun

Den 08. bis den 09. Juni hu mir e Weekend geplangt. Mir freeën eis wann dir all matkommt. Wann dir dat nach net gemaach hutt, mellt iech dofir bis den 18. Mee beim Claire Zwick (691309108) un.

Den 18. Mee hu mir keng Versammlung. De 25ten Mee an den 1 Juni ass keng Versammlung well do Schoulvakanz ass.

Fir d’Wëllefcher

De 4 Mee ass klassesch Versammlung vu 14h-16h um Prënzebierg, mir hëllefen do mat eise Chalet a Spillplatz ze botzen. Den 11ten Mee ass och Versammlung vu 14h-16h um Prënzebierg mat diverse Minispiller. Den 18ten Mee hu mer leider keng Versammlung wëll kee vun de Chef do ka sinn. De 25ten Mee an den 1 Juni ass keng Versammlung well do Schoulvakanz ass.

Fir d’Avex

Mir hunn de 4, 11 an 18 Mee normal Versammlunge vu 14-16h um Prënzebierg. De 25ten Mee an den 1 Juni ass keng Versammlung well do Schoulvakanz ass.

Fir d’CaraPio

De 4. Mee hu mer keng Versammlung wéinst dem Schaff-WE. Kuckt bei “Fir d’CaraPio, RaRo…..”

Den 11. Mee hëllefe mer moies a Mëttes bei der Pabeiersammlung.

Den 18. Mee gi mer zesummen op de Bealtaine Festival um Neihaischen. Mellt iech bis den 11. Mee beim Gilles u fir dass mer den Transport kënnen organiséieren. Mathuelen: Klenge Rucksak mat Bidon a Waasser, dem Wieder no undoen (Sonnenhutt a Sonnecrème net vergiessen), bequeem Schong. Dir kënnt Täschegeld mathuele fir eppes z’iessen ze kafen. De 25ten Mee an den 1 Juni ass keng Versammlung well do Schoulvakanz ass.

Fir d’RaRo

De Samschden a Sonnde 4-5 Mee ass keng Versammlung well do Schaffweekend ass. Dir sidd natierlech häerzlech ageluede matzehëllefen. Kuckt ënne bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter,,. Den 11. Mee hëllefe mer moies a Mëttes bei der Pabeiersammlung. De 25ten Mee an den 1 Juni ass keng Versammlung well do Schoulvakanz ass.

Fir d’Albatrossen

De 4-5 Mee hu mer e Schaffweekend geplangt fir de Chalet mol erëm bëssi op Vordermann ze bréngen. Liest dofir bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter,, Di nächst Versammlung ass de Freiden 10 Mee um 20h beim Chalet. Den 11. Mee hëllefe mer moies a Mëttes bei der Pabeiersammlung.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Är Hëllef ass gefrot fir de 4-5 Mee bei eisem Schaffweekend wou mer eise Chalet erëm chic wëlle maachen, eis Zelter op de Camping virbereeden, an eis Garage schéin araumen. Jojo Fréijoersbotz muss och sinn. De Weekend fänkt Samschdes de 4 Mee um 9h un, mir treffen eis zu Rodange bei der Garage. Mir iessen zesumme fir Mëttes beim Chalet. Um 14-16h kommen eis jonk Memberen eis hëllefen, duerno schaffe mer nach wieder bis d’Owesiessen an hunn duerno e gesellegen Owend beim Feier. Dei, di welle kënnen am Chalet schlofen. Sonndes de 5 Mee geet et moies géint 9h erëm weider bis d’Mettesiessen. Et muss een net de ganze Weekend do sinn, sot just bei der Umeldung Bescheed. Umelle kennt dir lech bis den 3.Mee beim Claire (621 668 39 99). Dëst ass wichteg fir dat mir d’lesse besser plange kennen. Matbréngen: Motivatioun, gutt Laun, Schaffhändschen an alles wat dir braucht fir am Chalet ze iwwernuechten.

100 Joer LGS Péiteng: Di nächst Versammlung fir eis Jubiläumsfeierlechkeeten ze plangen ass den 8 Mee um 20h am Chalet. Jiddereen deen interesséiert ass ka kommen.

Den 11 Mee ass Pabeiersammlung. RDV ass wéi gewinnt um 8:30h op der Eucosider. All Hëllef ass wëllkomm !!! Villmools mercí

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top