Infoziedel bis den 15 Juni

Fir d’Biber

No der Péngschtvakanz geet et lo erëm lass. Nächste Weekend gi mer zesummen op en Entdeckungsweekend fir d´Biber besser kennen ze leieren. Mer fir eis schonn drop mat iech d´Biber ze entdecken.

Den 08.06 Moies um 8 Auer zu Péiteng op der Gare um Quai 1 starte mer eis Entdeckungsrees a fueren zesumme bis op Wolz. Kommt w.e.g. net ze spéit well den Zuch dee waart net op eis. Den 09.06 komme mer géint 14:50 Auer erëm zu Péiteng op der Gare un.

Am Unhang vun dësem Mail fann der d´Fiche Médicale déi der ausgefëllt matbrénge muss. Denkt och onbedéngt dréngt drun déi 50€ matzebréngen.

De 15 Juni hu mir wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir gi wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13:45 ënne bei d’ Eucosider. Denkt w.e.g drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108). Mir kafe Material fir eis Versammlungen, wat herno net benotzt ka ginn, wann dir iech net ofmellt. Dat ass schued. Dot iech dem Wieder no un, mir wäerte vill dobausse sinn.

Fir de Camp: Vum 18.07 bis den 21.07 gi mer op Réiser op de Camp. Weidere Informatiounen dozou kommen am nächste Bréif. Mellt iech w.e.g. bis den 29.06 beim Claire Zwick (691309108) per SMS oder WhatsApp un.Wann dir ugemellt sidd, iwwerweist w.e.g. 20€ Acompte u follgend Kontosnummer:

LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi

BIC: BCEE

IBAN: LU 67 0019 6803 7218 2000

Vermierk: Numm + Nonumm vum Kand Bibercamp 2024

Äert Kand dass nëmmen definitiv ugemellt wann d’Suen iwwerwise sinn.

Falls der sollt Schwieregkeeten hu fir de Weekend oder de Camp kennen ze finanzéieren, da mellt iech einfach bei engem vum eis. Mer fannen zesummen eng Léisung.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher, den nächste Samschdeg den 8 Juni treffe mir eis wéi gewinnt vu 14-16h um Prënzebierg. De Samschde 15 Juni maache mir en Ausfluch op den Naturdach fir d’Wëllefcher zu Dikrech am Bësch. Dat ass e flotten Dach mat Spiller an Aktivitéiten an der Natur. Wann der wëllt matgoen da mellt Iech bis den 12 Juni  beim Claire Dording (621 68 39 99) par SMS oder Whatsapp un.  Mir treffen eis um 12h bei der Gare zu Péiteng a si fir 17h erëm zréck zu Péiteng op der Gare.

Mathuelen: e klenge Rucksack mat Picknick, e Bidon mat Waasser, Sonnecrème a Kapp, Uniform a Foulard (fir déi di dat hunn), bequeem Schung , ditt iech dem Wierder no u well mir sinn dobaussen.  

Hei nach Infoe fir eise Summercamp:

Mir gi vum 23 bis de 28 Juli op de Summercamp op Ohn.  De Camping kascht 150€ fir dat eicht Kand an 120€ fir dat 2. Kand aus der Famill. Dir musst Iech bis den 1 Juli beim Alex umellen an een Acompte vu 50€ iwwerweisen op de Konto LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. De Rescht vun de Sue kennt dir cash op de Camping matbréngen oder och iwwerweisen. Mir maachen de Méinde 17 Juni um 20h en Zoom-Meeting fir Iech d’Chef firzestellen déi matginn, an är Froen ze klären. Dir kennt awer och ëmmer dem Claire oder dem Alex uruffe wann dir Froen hutt.

Fir d’Avex

Salut AvEx, den 8ten an de 15ten Juni hu mir normal Versammlunge wei gewinnt vu 14:00-16:00h bei eisem Chalet, sidd gespaant a loosst Iech iwwerrasche wat mir wëlles hunn.

Fir déi Avex , déi mat op de Camp ginn: kuckt den Ziedel an der Annexe fir är Materiallëscht. De Camping kennt ëmmer méi no ?.

Fir d’CaraPio

Den 8ten an de 15ten Juni hu mir normal Versammlungen , mëllt Iech wéi ëmmer wannechgelift am Viraus un oder of. De Samschde 15 Juni ass och Pabeiersammlung , RDV um 8:30h op der Eucosider.

Fir d’RaRo

De Samschden 15 Juni ass Pabeiersammlung, RDV um 8:30h op der Eucosider.

Fir d’Albatrossen

Mir treffen eis de Freide 14.06 um 20h fir d’Albaversammlung. Mellt Iech w.e.g. bis den 11. 06 beim Claire Dording (691683999) un. Dir kritt dann Detailer wou et ass a wat dir braucht.

Fir d’Chefs

Den nächsten Grupperot ass den 11 Juni um 20h am Chalet.

Fir d‘ CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 15.06 ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Villmools Merci fir är Hëllef.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top