Infoziedel bis den 6 Juli 2024

Fir Iech alleguer

Nationalfeierdag:

E Sonnden den 23. Juni ass Nationalfeierdag.

 D’Gemeng an d’Veräiner vu Péiteng hunn e grousse Programm opgestallt fir dëst ze feieren. Och mir huelen als Guiden a Scouten un de Feierlechkeeten deel.

All Memberen , vu Wëllefchen , Avex, …bis Chef solle bei dem offizielle Programm matmaache fir eise Grupp ze representéieren. Mir treffen eis Sonndes den 23. Juni an Uniform+Foulard (wien eng huet) um 9:30H zu Péiteng beim Park beim Busarrêt „ Pétange-Eglise“, vu wou eng Busnavette eis op Rodange féiert. Fir déi di d’Navette net brauchen ass Rdv um 10:15h op der Plaatz Jos Moscardo zu Rodange.  Vun do gi mir am Cortège  an d’Kierch fir den Te Deum. Duerno ass nach en Empfang. Den offiziellen Deel ass géint 12h eriwwer. D‘Busnavette féiert eis erëm géint 12:30h zréck op Péiteng. Zu Péiteng ass dann ab 13h e grousst Fest op der Gemengeplaz. D’Kanner an di Jonk kenne mat hiren Eltere vun den Iess-a Gedrénksstänn profitéieren, de Concerts nolauschteren an natierlech am Park op eis Statioune spille kommen. Nomëttes organiséiere mir vu 14H-17H Spill a Spaass am Péitenger Park. De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu

Food Festival zu Péiteng de 6 Juli

D’Scouten hëllefen och bei der Animatioun vum Food Festival zu Péiteng am Park. Mir organiséieren do Spiller an Ateliers. Deen Samschden ass keng Versammlung fir eis Branchen dofir kommt vun 13-17H mat ären Eltere laanscht a profitéiert vun de Spiller a vum gudden Iessen.

Fir all d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guildememberen, Mataarbechter, a Chef:  

Fir d’Spiller am Park fir den Nationalfeierdag a fir de Food Festival brauche mir Hëllef beim op-an ofriichten a beim encadréiere vun de Kanner. Dës Spiller si fir eis eng Reklamm-Aktioun fir de Kanner aus der Gemeng Loscht op de Scoutismus ze maachen. Déi Leit, déi wëlle bei de Spiller hëllefe sollen sech beim Claire um 621 68 39 99 mellen. Mir treffen eis déi zwee Deeg um 10h zu Rodange (60 rue de la Minière, Rodange) bei der Garage fir d’Material anzelueden an nach Saache mat der Camionnette an de Chalet sichen ze goen.

Fir d’Biber

Den 22.Juni hu mir keng Versammlung. Liest dofir uewe bei „ Fir iech alleguer” Den 23. Juni sinn d’ Festivitéite fir Nationalfeierdag vun der Péitenger Gemeng. Als Scoute gi mir moies mat ob de Cortège. Do representéiere mir de ganze Grupp a freeën eis wa ma zu vill sinn. Mëttes organiséiere mir Spiller bei der Gemeng. Do sinn natierlech all eis Memberen häerzlech invitéiert mat hiren Eltere kucken ze kommen. Den 29. Juni hu mir wéi gewinnt vu 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir gi wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13.45 ënne bei d’ Eucosider. Denkt w.e.g drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108). Dot iech dem Wieder no un, mir wäerten dobausse sinn.De 6 Juli ass och keng Versammlung dofir kommt gäre mat ären Eltere mëttes vun 13-17H an de Park Spiller an Ateliere maachen.

Reminder:

Vum 18.07 bis den 21.07 gi mer op Réiser op de Camp. Mellt iech w.e.g. bis den 29.06 beim Claire Zwick (691309108) per SMS oder WhatsApp un. Wann dir ugemellt sidd, iwwerweist w.e.g. 20€ Acompte u follgend Kontosnummer:

LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi

BIC: BCEE

IBAN: LU 67 0019 6803 7218 2000

Vermierk: Numm + Nonumm vum Kand Bibercamp 2024

Äert Kand dass nëmmen definitiv ugemellt wann d’Suen iwwerwise sinn.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher, d’Joer ass gläich eriwwer an déi lescht puer Versammlunge virum Camping #abenteuerlech stinn un. Den 22.Juni hu mir keng Versammlung. Liest dofir uewe bei ” Fir iech alleguer” Denkt drun den 23 Juni op den offiziellen Deel vum Nationalfeierdag ze kommen, mir zielen op Iech. Dofir kennt der duerno zesumme mat ären Eltere mëttes an de Péitenger Park spille kommen.  Duerno gëtt et awer nach engkeier eescht, mir sinn an der Scoutsakademie. Loosst Iech iwwerraschen. D‘Versammlung ass wéi gewinnt Samschdes 29. Juni vu 14h bis 16h um Prënzenbierg.
De 6 Juli ass keng Versammlung dofir kommt gäre mat ären Eltere mëttes vun 13-17H an de Park Spiller an Ateliers maachen.

Reminder:

De Camping ass vum 23. bis den 28. Juli zu Home Saint Jean Baptiste zu Ahn (14 rue de la résistance L-5401). De Camping kascht 150€ fir dat eicht Kand an 120€ fir dat 2. Kand aus der Famill. Dir musst Iech bis den 1 Juli beim Alex (691 177 773) umellen an een Acompte vu 50€ iwwerweisen op de Konto LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. De Rescht vun de Sue kennt dir cash op de Camping matbréngen oder och iwwerweisen. Bei Froen zeckt net dem Alex (691 177 773) oder dem Claire Dording (621 68 39 99) unzeruffen, eng Whatsapp Noricht ze maachen oder SMS ze schreiwen. D’Materiallëscht kennt am nächsten Infoziedel no.

Fir d’Avex

Den 22.Juni hu mir keng Versammlung. Liest dofir uewe bei fir “iech alleguer” Denkt drun den 23 Juni op den offiziellen Deel vum Nationalfeierdag ze kommen, mir zielen op Iech. Dofir kennt der duerno zesumme mat ären Eltere mëttes an de Péitenger Park spille kommen.  De Samschden drop den 29 Juni hu mir normal Versammlung vu 14 bis 16h um Prënzebierg.  De 6 Juli ass keng Versammlung dofir kommt gäre mat ären Eltere mëttes vun 13-17H an de Park Spiller an Ateliers maachen.

Fir d’CaraPio

De Samschden 22 Juni fält Versammlung aus well den Dag drop den 23 Juni Nationalfeierdag ass.  Do maache mer mat den anere Branche mat beim Programm fir Nationalfeierdag: Feierlechkeete Moies a Spiller mëttes. D’Detailer stinn an dësem Bréif uewe bei „Fir Iech alleguer“. De Samschden drop , den 29 Juni ass normal Versammlung um Prënzebierg. De 6 Juli hëllefe mer beim Food Festival, kuckt do och uewe bei „Fir Iech alleguer“.

Fir d’RaRo

Mir hëllefe bei de Gruppenaktivitéite vum Nationalfeierdag an de Food Festival mat. Kuckt dofir uewe bei „Fir Iech alleguer“.

Fir d’Chefs

Den nächsten Grupperot ass den 4 Juli um 20h am Chalet.

Fir d‘ CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Eis nächste Versammlung fir eis 100 Joer Feierlechkeeten ze plangen ass den 2 Juli um 20h am Chalet. Jiddereen ass wëllkomm wëll dir wësst : wat méi Läit wat méi flott!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top