Infoziedel Camping 2024

Fir Iech alleguer

Dëst ass de leschten Ziedel fir dëst Scoutsjoer. Am Numm vum Grupp wënschen ech Iech alleguer e flotte Camp, eng schéi Vakanz an dat mer eis am September erholl erëm gesinn.

Fir d’Biber

Hei ass eise leschten Ziedel fir dëst Scoutsjoer. Am Unhang vun der Mail bzw an der Rubrik “Biber” fann dir en Dokument mat all den Informatioune fir de Camp. Liest dat Dokument w.e.g. gutt duerch.

Well erfahrungsgemäss ëmmer nach Froen opkomme , proposéiere mir den 13.07.2024 eng Eltereversammlung um 14:00 am Chalet. Den Dag ass KENG Versammlung fir Kanner.

D’Lyn, den Tom an ech freeën eis ob e flotte Camp a wënschen iech an ärer Famill eng schéi Summervakanz. Bis am nächste Scoutsjoer.

Fir d’Wëllefcher

Den 13 Juli ass eis lescht Versammlung fir des Joer virun dem Camping. Mir gesinn eis vu 14 -16h um Prenzebierg.
Vum 23ten Juli. (Dënschdes) bis den 28.Juli (Sonndes) gi mir op de Camp op Ahn (Home Saint Jean Baptiste). De Camping fänkt mëttes um 14h00 un. Am beschte wär et wann d’Elteren Iech géifen dohinner bréngen. Falls dat bei verschiddenen Persounen net geet , ass et fir eis Chef awer och kee Problem iech sichen ze kommen. Dofir musst dir iech just bei mir mellen (Alex : 691 177 773). Sonndes mëttes ass de Camping um 14h00 och erëm eriwwer. Mir invitéieren dofir all d’Elteren hier Kanner erëm sichen ze kommen ^^ De Camp vun de Wëllef  kascht 150 Euro (wa méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp ginn, da bezillt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner)

·         Materiallescht:

        •       Eng Kopie vun der Impfkaart
        •       Kopie vun der Carte d’Identité, d’Fiche médicale  https://lgspeiteng.lu/doc a perséinlech Medikamenter
        •       Wäschsaachen: Zännbiischt, Zahnpasta, ee Läppchen, Seef ee klengt Duch, eng Biischt
        •       Schwammsaachen: e grousst Duch, e Maillot/uleiend Schwammbox/Schwammkap/ wann néideg Ärmecher
        •       Ee Schlofsak
        •       Carrymatt oder Loftmatrass
        •      Pyjama,  evt. ee Kappkëssen an e Petzi
        •       zwee Kichendicher
        •       ee klenge Rucksak
        •       ee Bidon
        •       eppes fir ze liese fir an der Freizeit oder ee Kaartespill
        •       e Stoffene Sack fir déi knaschteg Kleeder
        •       frësch Ënnerwäsch a Strëmp fir all Dag
        •       eng gutt Reenjackett (net onbedéngt eng schéin awer eng déi gutt géint de Reen ass !!!)
        •       déck Biergschung, Turnschlappen
        •       Gezei fir all Wieder an dees wat ka knaschteg ginn , eng fett Fleecejackett, K-way+ Box
        •       eng Kap an eng Mutz (owes kann et kal ginn)
        •       Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)
        •       Spray géint Zecken a Mousstiken
        •       een Täschemesser
        •       eng Täscheluucht
        •       a Schlappen

Verpaakt alles an engem grousse Rucksak. Et ass wichteg dass är Saache mam Numm vum Kand gezeechent sinn! Gitt d’Kopie vun der Impfkaart, eng Kopie vun der Carte d’identité , d’Fiche medicale an d’Sue beim Ufank vum Camp of.

Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Gameboy, Smartwatch, Täschegeld a Séissegkeeten.
Telefonsnummer um Camp: Alex Lutgen : 691 177 773 Bei Froe kennt dir mir gären uruffen.

Fir d’Avex

De Samschden 13ten Juli ass eis lescht Versammlung virum Camp dofir wär et schéin Iech all um 14:00 wei gewinnt bei eis um Bierg ze gesinn;)

Camping 2024

Wei der bestëmmt schonn all matkritt hutt treffe mer eis den 19. Juli 2024 um 7:15 zu Péiteng op der Gare fir den Zuch op de Camping ze huelen, den zu Koblenz am Brexbachtal stattfënnt. Domat dat reiwungslos oflafe kann, braucht dir:

-eng Autorisatioun “de quitter le territoire” fir är Kanner (déi muss der bei der Gemeng Péiteng ufroen) 

-eng aktuell Fiche médicale + Kopie vun der Impfkaart, Kopie vun der Carte d’ identité an der Carte de securité sociale vun ärem Kand   

-zwee gutt gepackte Rucksäck. Also e grousse Rucksak an e klenge Rucksak dee fäerdeg gepackt ass. Well mer mussen nach e puer mol ëmklammen an trëppelen, an et wär schéi wa mer net alles mussen hannendrun oprafen:)

-vergiesst wgl. och net den zweeten Account ze bezuelen !

– preparéiert w.e.g. eng Tut mat frësche Kleeder (Box, Pullover/T-shirt, Strëmp, Ënnerwäsch) a schreift den Numm a Virnumm vum Kand drop. Gitt desst Tut w.e.g beim Start dem Chef of. Desst Tut wäert am Auto vum Chef bleiwen , a ka vum Kand den Daach vun der Heemrees ugedoe ginn, fir dat d´Kanner manner streng riche ?.

De Camp ass den 28. Juli um 16h20 zu Péiteng op der Gare eriwwer.

Materiallëscht  fannt dir an der Rubrik “Avex”.

Fir d’CaraPio

Mir hunn den 13.07keng Versammlung mei. Den 13 Juli ass och Pabeiersammlung moies, kuckt dofir méi ënnen. Den 19.07grille mer Owes um Prenzebierg. Bréngt ären eegene Proviant a Gedrénks mat. An der Summervakanz hëllefe mer bei der Vakanzaktioun an der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail weider ënnen

Fir d’RaRo

Den 13 Juli ass  Pabeiersammlung moies, kuckt dofir méi ënnen. An der Summervakanz hëllefe mer bei der Vakanzaktioun an der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail weider ënnen.

Fir d’Albatrossen

Den 12.07 ass keng Versammlung, well ee vun eise Membere bestuet gëtt.  An der Summervakanz hëllefe mer bei der Vakanzaktioun an der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail weider ënnen. Dat nächst Scoutsjoer fängt dann den 20.09 erëm un. Save the date!

Fir d´Chef

An der Summervakanz hëllefe mer bei der Vakanzaktioun an der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail weider ënnen. Den nächste Grupperot ass de 17 September um 20h.

Fir d’CaraPio, RaRo,Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Vakanzaktioun:

Och dëst Joer fënnt erëm eng Vakanzaktioun statt.  Mir organiséieren den Nomëtte vum Donneschden 1 August mat flotte Spiller um Bierg. Dëst ass fir d’Kanner am Wëllefchersalter vum Cycle 2. Fir dat den Nomëtte flott gëtt, brauche mir Leit déi eis do eng Hand upaken an d’Spiller mat de Kanner maachen. Moies vun 9°° un, riichte mir op. Mir iessen um Bierg zu Mëtteg d’Kanner si vu 14.30 Auer bis 17.30 Auer do. Wann s Du wëlls hëllefen, da so mir w.e.g Bescheed um 621 68 39 99  bis den 30.Juli.  MERCI!!!

 Pabeiersammlung:  

Di nächst Pabeiersammlunge sinn den 13 Juli, 10 August an den 14 September . R.d.v. um 8.30 Auer zu Péiteng um ale Site vun der Eucosider.  Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sinn ass et extra wichteg dass jidderee wou kann, och do ass. MERCI!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top