Scoutsziedel bis de 6.Dezember

Fir Iech alleguer, Pour tous nos membres:

Cotisatiounen

Et ass nees un der Zeit fir de Joresbeitrag ze bezuelen. Des Suen gin intégral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwerwisen. Duerch d’bezuelen vun der Cotisatioun ass ärt Kand versechert a kritt e puer mol am Joer eng Zeitschreft gescheckt.Iwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15 Euro fir daat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto. Vergiesst net den Numm vun ärem Kand derbei ze schreiwen. Villmols Merci !P.S. D’Matarbechter a Chef brauchen keen Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mecht daat fir sie als kleng Unerkennung fir hir Arbecht.

Le moment est venu de payer la cotisation annuelle. L’argent qui est intégralement versé à la fédération nationale des scouts sert à assurer nos membres, et à financer les journaux d’information qui sont envoyés périodiquement. Veuillez verser dans les meilleurs délais 15 Euros pour l’enfant ainée et 12 Euro pour vos autres enfants sur notre compte bancaire. Veuillez indiquer le nom de vos enfants. Merci d’avance !

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

 Bazar/Nikloosmaart

Wéi all Joer hu mir e Stand um Nikloosmaart. Mir sin den 29. an den 30. November fir um Staatshaus, fir Adventskränz a flott Arrangementer ze verkaafen.. Mir fréen eis op äre Besuch !

Aktioun Adventskräntz: Hei Clique w.e.g =>Adventskräntz 2014 Winst dem grousse Sucées vum läschte Joer mache mir och dest Joer erem Adventskräntz op Bestellung. Opgepasst um Maart selwer hu mir baal keng Kränz, profitéiert vun deser Aktioun a bestellt e Kranz per Telefon, sou sidd dir secher dass dir ee Kranz kritt

Les scouts sont présents au marché de St.Nicolas du samedi 29.11 jusque dimanche 30.11. Ce nous ferait plaisir de vous voir sur place.Action Couronnes d’avent : Profitez de la possibilité de commander votre couronne par téléphone. => =>Adventskräntz 2014.

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, den 22.November geet et weider, net mam Alice im Wunderland mee mam ……. . Den 29November ass winst dem Nikloosmaart keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kënns. De 6.12, da gett et eis net kaal, mir wärten mega flott Spiller zum Thema .…. maan. Wann dir alles wellt gewuer gin da kommt an d’Versammlung.All Kéier vu 14°°-16°° um Prënzebierg.

Fir all d’Wëllefcher:

++++TOP SECRET Dir Agenten, den RDV as den : 22 14h00 Nov 14  zu PETANGE um PRENZENBIERG. D’Versammlung dauert: 02h00, as also den 22 16h00 Nov 14 erem eriwer. Är Missioun kritt dir dann zu deem Zeitpunkt matgedeelt. TOP SECRET++++ Den 29November ass winst dem Nikloosmaart keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kënns. Leiwen Kleeschen, gudden Kleeschen… Den 6ten Dezember hun mir vun 14h00 bis 17h00 Versammlung

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, Samschdes den 22.November an de 6.Dezember hu mir vu 14.00 -16.00 Versammlung. Samschdes, den 29November ass winst dem Nikloosmaart keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kënns.

Fir all d’CaraPio:

Salut CaraPio, den 22.November an de 6.Dezember baue mir weider un eisem Pizza Uewen. Bréngt Biergschung, Schaffgezai  a Schaffhänsche matmat. Mir hëllefen fir den Adventsbazar. Kuckt bei Fir all d’Matarbechter, RaRo, CaraPio d‘Guilde an d’Chef. MERCI!Déi wou nach net wosste wéini se hëllefe komme solle sech bis en Donnegde beim Gilles Glod melle fir Bescheed ze soen.

Fir all d’RaRo:

Leif Raro , mir hëllefen fir den Adventsbazar. Kuckt bei Fir all d’Matarbechter, RaRo, CaraPio d‘Guilde an d’Chef. MERCI! An der Versammlung vum 22. préparéire mir d’Säll fir dass an der Woch duerno, do ka geschafft gin. Den 6.12 hun mir vun 16.30-17.30 Versammlung um Prenzebierg

Fir all d’carapio,RaRo, matabechter,guildememberen an chef:

Samschdes den 22. November gi mir Äscht schneiden, fir d’Adventskräntz. Mir treffen eis um 8.30 Auer zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. Be prepared a brengt : E Secateur, warmt Schaffgezei an Hännsche mat. An der Woch vum 24. November schaffe mir vu Méides bis Freides all Owend vun 19°° un um Bierg fir deBazar. Samschdes den 29.11 a Sonndes den 30.11 brauche mir och Deng Hëllef fir op an ofzeriichten a fir ze verkaafen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top