Läschten Ziedel fir d’Joer 2014

Fir iech alleguer:

1)Friddensliicht

Samschdes, den 20. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten no der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet d’Friddensliicht. Hei kritt jidfereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees  oder an der Noperschaft weiderzeverdeelen.Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.20 Auer an Uniform firun der Kiirch. D’Elteren, Bridder a Schwesteren, Frënn a Bekannten … sin härzlech wëllkom!Eis Guilde léist d’Mass fir hiren verstuerwene Member de Fernand Godart liesen.

2)Rappel Cotisatiounen:

E puer Leit hun d’Cotasatioun nach net bezuelt. Macht daat w.e.g elo, well et muss een d’Cotisatioun bezuele fir kenne Member bei eis ze sin! Den eelsten aus der Famill bezillt 15 Euro, déi aner bezueln 12 Euro.Iwerweist d’Suen w.e.g, op de Konto vun eisem Grupp =>LGS Grupp Hellege Franz vun Assisi Péiteng => BCEE  IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Dest ass den läschten Ziedel fir dest Joer, duefir profitéiren ech vun der Geleegenheet, fir jidferengem fir seng Mathellef , a sein Engagement uechtert d’Joer MERCI ze soen.

D’Cheféquipe wënscht Iech an  Ärer Famill schéin Kreschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2015.

Fir all d’Biber:Léif Biber den 13.Dezember hu mir eis Chrëschtfeier déi geet Ausnahmsweis vu 14°° bis 17°° Auer. Brengt eng schéi Chrëschtbull mat fir op eise Beemchen. Mir Wichtelen och ennert eis Biber duefir soll jidfereen e Kado  vu maximal 3Euro matbrengen. Fir op de Kalennner: Den 31. Januar mache mir eng Sortie bei d’Biber vum Cents => Détailer komme no. Liest och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’Wellefcher:Dir leiif Kennercher an Elteren dest as een trauregen Moment fir eis all. Chrëschtdaach an Chrëschtvakanz steht virun der Diir. Dir musst elo alleguerten ganz stark sin well: Den 13ten Dezember ass eis läscht Versammlung fir dest Joer, si dauert wéi gewinnt vu 14°°-16°° Auer. – Brengt fir des speziell Versammlung eng Chrëschtbull fir un den Beemchen an een Cado, deen am beschten selwergemat as, an net mei wei 5Euro kascht, mat. Mir hun normal Versammlung vun 14h00 bis 16h00. Liest och bei: Fir iech alleguer.                    

Fir all d’AvEx:Hallo AvEx, Samschdes den 13.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 5 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganz Versammlung dobaussen.  Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all CaraPio: 13. 12: Pabeiersammlung r.d.v um 8.30 Auer an „normal“-Versammlung vun 14°°-16°°Auer . Brengt alleguer 3 Ideen fir den Theater mat. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all d’RaRo: Den 13 an de 14 Dezember ass eis Montee. Sie fänkt Samschdes um 17°° un an dauert bis Sonndes um 12°° Auer. Brengt e gudde warme Schlofsack an Gezei fir all Wieder mat. Samschdes moies ass Pobeiersammlung, mir zielen op DECH! Den 20. Ass keng Versammlung an de 27. Gi mir op Veckring Paintball spillen. Weider Infoen stinn op Facebook an op www.lgspeiteng.com Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all d’Chef: En Donneschden den 11.12 ass um 20°° Grupperot um Bierg.

Neies vun der Guilde :.Samschdeg, den 20. Dezember ass um 17.30 Auer eng d’Mass fir Fernand Godart an d‘Firddensliicht gett an der Kiirch verdeelt. Duerno ass Träipefriess um Bierg. Mellt iech beim Martine Schlottert Gsm 621 414 040 bis den 14. Dezember un. D’Martine seet iech dann och wifill dass et kascht.

Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio: Samschdes de 13.Dezember an de 17.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons en decke MERCI. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top