Programm Oktober 2015

Sam. 3.10.: 15:30h: Mass um Prënzebierg
fir all liewend a verstuerwe Membre vun der Guide a vum Grupp Hl. Franz vun Assisi.
Um 15:00h ginn d’Masslidder nach eng Kéier geprouft.
Well dëst Joer de Grupp säin 90. Anniversaire feiert, invitéiere sie no der Mass op en Éierewäin.
Mueres um 9:00h: Rendezvous um Bierg fir opzeriichten. All Hëllef ass wëllkomm.
Memberen, déi schlecht zu Fouss sinn, kënnen d’Navettë benotzen, déi um 14:45h an 15:15h um Parking vum „Coin de Terre“ ënnen an der Belle-vue-Strooss fortfueren.
Dën. 6.10.: Nationale Guildendag zu Bäerdref [Org. FLGS ]
Dës Plaz war reservéiert fir d’Detailer vum Guildendag ze publizéieren.
Well awer bis haut, (25.09.), nach keng Invitatiounen eraus sinn, bleift d’Plaz eidel.
Sam. 17.10.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]
Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
All Mataarbecht ass wëllkomm.
Méin. 19.10.: Comité um 20:00h am Home.
Son. 25.10.: Sortie an de Mamerdall
Rendezvous um 10:00 zu Koplescht op der Kräizung,
Trëppeltour (4 km) mat Commentairen iwwer de „Weidendall“ vum Marco Quintus.
12:00h: Mëttesdësch an der Auberge „Thillsmillen“, Menü à 35.00 EUR.
Paté mat/oder Crudités Maison, Rôti de Veau, Taart oder Glace
Durno: Zu Fouss zeréck op Koplescht.
Umeldung um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu bis Mët. 21.10.15 um 12:00h
Don. 29.10.: Keelenowend am Café Müller zu Lampech.
Uspill um 20:00h

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top