Scoutsziedel bis den 10.Oktober 2015

Fir all D’Memberen an d‘Eleteren:

Samschdes den 3. Oktober:

De 4.Oktober ass den Daag vun eisem Patroun dem Franz vun Assisi. Fir desen Daag ze éiren invitéire mir all eise Memberen, hir Elteren a Frënn fir e Samschdeg den 3.Oktober um 15.30 op de Prenzebierg an eis Gedenkmass mat uschléissendem Éierwein ze kommen. Dest gëtt fir eise Grupp eng Première, mir hoffen dass dir zu fill wärt kommen an esou dozou beidrot dass heiraus eng nei Traditioun entstoe wärt.

Nous invitons tous nos membres, leur famille et amis d’assister le 3 octobre à notre messe de commémoration qui aura lieu à 15.30 heures au « Prënzebierg ». Après l’office un vin d’honneur sera offert par le groupe.

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, Op Jonk oder Aal die nächst Versammlung ass baal. Gidd ned op Miersch mee kommt den 3. Oktober op den Prenzebierg. Versammlung ass vun 14°°-bis +/-16.30 . Liest och bei: „Fir all d’Memberen….“ Den 10.  geet de Bib bei d‘Déieren an do werten mer ganz vill léieren. An daat natirlech rem vun 14°°-16°°

Fir op de Kalenner: De 24. An de 25. gi mir mam ganze Grupp op de Montees-W.E Détailer kommen no.

français Chers Castors,

Soit jeunes soit vieux la prochaine réunion aura lieu. N’allez pas à “Miersch” mais  venez le 3 octobre au “Prenzebierg”. La réunioun est de 14h de +/- 16H30. Lisez aussi chez:  ” Pour tous les membres…”. Le 10 octobre Bib (qui est le nom d’un castor) va visiter les animaux et là nous allons apprendre beaucoup, cela bien sur de 14h à 16h.

Pour mettre sur le calendrier : Du 24. au 25. octobre nous allons avec tout le groupe  au “weekend de la montée”. Les détails seront publiés prochainement.

Fir all d’Wëllefcher:

Den 3.Oktober gesi mir eis vun 14°°-bis +/-16.30 Auer. Liest och bei: „Fir all d’Memberen….“
Den 10.10 hun mir vu 14°°-16 Auer Versammlung um Prenzebierg.
Fir op de Kalenner: De 24. an de 25. gi mir mam ganze Grupp op de Montees-W.E Détailer kommen no.

français Chers louveteaux

Nous nous voyons le 3 octobre de 14°°-à +/-16.30 heures . Regardez aussi chez „Fir all d’Memberen….“. Le 10.10 nous avons réunion de 14°°-16°° heures au  Prenzebierg.

Pour votre calendrier: Du 24 au 25 octobre nous avons le WE de la “Montée” ensemble avec tout le groupe. Vous recevrez encore les détails dans la prochaine lettre.

Fir all d’ AvEx:

Den 3.Oktober gesi mir eis vun 14°°-bis +/-16.30 Auer. Liest och bei Liest och bei: „Fir all d’Memberen….“: Den 10.10 hun mir vu 14°°-16 Auer Versammlung um Prenzebierg.
Fir op de Kalenner: De 24. an de 25. gi mir mam ganze Grupp op de Montees-W.E Détailer kommen no.

Fir all d’CaraPio:

Den 3. Oktober hu mer Versammlung vun 14:00-+/-16:30 bei Liest och bei: „Fir all d’Memberen….“ An den 10. Oktober hu mer Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Är Aufgaben: 1) iwwerleet mat wéi enger Scoutsgrupp der gär zesummen op de Camp géift goen. 2) Sicht weider Iddien fir d’Montée vun den AvEx an d’CaraPio an den Abschied vun de CaraPio an d’Raro. 3) Wielt 2 Lidder fir eis Sammlung a bréngt de Songtext mat. 4) Bereet zu 2 an 2 e Spill fir eng Versammlung fir. 5) Sicht Iddie fir d’Entreprisen déi nach zur Wiel stinn fir di nächst 7 Wochen: Passspiller, Wanderen & Orientatioun, Feier maachen, Naturspiller, Juechtmethoden & Survivaltipps, Kachen dobaussen. 6) Iwwerleet iech en Thema fir den Theater.

Fir op de Kalenner: De 24. an de 25. gi mir mam ganze Grupp op de Montees-W.E. Détailer kommen no.

Fir all d’RaRo:

Leif RaRo, den 3.10 hëllefe mir moies vun 9°° bei de Préparatiounen vun der Mass, a Mettes gesi mir eis um 15°° um Bierg. Den 10.10 ass KENG Versammlung. De 17. an den 18.10 gi mir op de Lancement. Dese W.E ass obligatoresch fir jidfereen de well mat op eng Odyssee goen all déi anere kennen natirlech och matgoen. Mellt iech bis den 10.10 beim Kim un, andems dir 25 Euro iwerweist Vermierk: äeren Numm + Lancement. Spuerkees : Staudt Kim LU73 0019 1755 6262 5000

De 24. an de 25. gi mir mam ganze Grupp op de Montees-W.E Détailer kommen no.

Fir all d’Chef:

En Denschdeg den 13. Oktober ass Grupperot um 20°° beim Guy doheem.

Fir all RaRo, Matabechter, Guildememberen a Chef:

Mir organiséiren den 3.10 d’Mass an den Éierewein vun der Gedenkfeier duerfir gi mir eis moies vun 9°°-112°° Auer a Nomettes um 15°° um Bierg.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top