Scoutsziedel bis den 26. Juni 2010.

Fir all déi wou mat op den „Mini Interville“ waren:
Dir waart einfach genial!! Een decke MERCI dass dir iech esou spontan décidéiert hutt fir beim „Mini Interville“ matzemaachen. Dir hutt ganz Péiteng bewisen dass een op d’Guiden a Scouten ziele kann. An zu gudder Läscht hutt dir och nach gewonn!! Dat ass SUPER ech sinn ganz houfreg op iech, an de Rescht vum Grupp bestëmmt och!
Guy
Fir all d’Wëllefcher:
Salut Wëllef, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 19. an den 26 Juni all Kéier vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kierch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Wéi dir wësst gi mir geschwënn op den nationalen Camp, dir kritt nach een extra Ziedel mat allen Informatiounen déi dir braucht. Do sinn och Ziedelen déi mussen ausgefëllt ginn, frot är Elteren dass si dat esou séier wéi méiglech maachen, si sollen déi ausgefëllten Ziedelen bis e Freideg den 18.6 beim Claire Dording ofginn; hei seng Adress: [frot d’Adress iwwert eisen Kontaktformular un. –Gilles].
Fir all d’ AvEx:
Samschdes den 19. Juni hu mir KENG Versammlung. (D’Chef hunn e W.E.).
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kierch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Den 26. Juni ass normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 Auer um Bierg.
Fir all CaraPio:

Fir all d’RaRo:
Samschdes den 19. Juni hu mir KENG Versammlung. (D’Chef hunn e W.E)
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kirch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Den 26. Juni ass normal Versammlung vun 16:00 bis 18:00 Auer um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Den 3. Juli ass Pabeiersammlung.
Fir all d’Chef:
Dëse W.E. ass et endlech esou weit da gi mir op de Chef-Weekend, wann s du et nach net gemach hues da mellt dech séier un! Mir treffen eis Samschdes um 10:00 um Bierg. Matbréngen: Carry Matte/ Schlofsack/ Gamelle/ a waat een soss esou brauch. Et wier super wann s du dech gings informéireren wéi eng Konstruktiounen een mat Naturmaterialien ka bauen fir am freien ze iwernuechten, an engems fënns du jo och vileicht een super Eintopfrezept… dann bréng et mat! De W.E. ass Sonndes géint 17:00 eriwwer.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top