Den Site get aktualiséiert

Salut,

Ech schaffen grad um Site, do hun e puer Saachen missen an d’Rei gesat gin. Dir gesidd schon dass et ë bëssen anescht ausgesäit, d’Kategorien op der lénker Säit sin fort, déi kommen elo alleguer uewen hin stoen. Den gréissten Deel vum Update besteht doran vum WordPress MU op den einfachen WordPress ze wiesselen, den aneren System huet eis einfach zevill Spam (Reklammen) bruecht an alles e bëssen méi komplizéiert gemaach. Saachen un denen geschafft get:

  1. Wiessel op WordPress 2.7.1 (13.2.09)
  2. “Iwwert Eis” nees abauen. (13.2.09)
  3. Déi aal Anträg nees dransetzen. (13.2.09)
  4. Déi nächst Evenementer riets uweisen loossen. (13.2.09)
  5. Den Layout vun den eenzelnen Anträg vereinfachen. (14.2.09)
  6. En Link asetzen wou d’Chef sech aloggen kënnen. (14.2.09)
  7. Den Forum nees mat abannen. (15.2.09)
  8. Den Agenda nees mat abannen. (16.2.09)
  9. D’Fotogallerie nees mat abannen. (17.2.09)
  10. Kategorien fir d’Anträg opstellen.(17.2.09)
  11. D’Ausgesin vum Forum un den Rescht upassen.
  12. D’Foto uewen ersetzen. (21.2.09)
  13. Den Layout vun den Links uewen upassen. (21.2.09)
  14. Alles wat nach op Englesch as op Lëtzebuergesch iwwersetzen.
  15. E puer Fotoen bei d’Bäiträg bäisetzen.
  16. Den Login an den Fotoalbum geet net méi, dat muss nees geflickt gin. (21.04.09)
  17. D’Agenda Iwwersiicht weistbal just Pabeiersammlungen amplatz alles, dat muss geännert gin. (21.04.09)

Wann der nach Iddien hudd wat nach gemaach muss/soll gin, schreiwt en Kommentar bei dësen Bäitrag.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top