Scoutsziedel bis den 13. November 2010

Fir all Wëllefcher, AvEx, CaraPio an RaRo

Montées W.E.
Wéi dir bestëmmt schonns wësst, wiesselen bei der Montée déi eelst vun all Branche, d’Branche. Dëst ass eng wichteg Etapp vun all  Guide/Scout. Fir dëst Evenement esou richteg zur Geltung kommen ze loosse, mécht de ganze Grupp e W.E.
Wou? De W.E. ass zu Monnerech am Scoutschalet. D’Wëllef an d’AvEx schlofen am Chalet, d’CaraPio schlofen an der Jurte (am Zelt).

  • Depart: Mir treffen eis e Samschdeg den 6. November um 13:40 an Uniform zu Péiteng op der Gare.
  • Mathuelen: Jumbokaart, oder E-Go Kaart, Täscheluucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sinn an eppes géint de Reen daachen), Schlofsak, déck Schung, déi ausgefëllten Fiche Medicale, verpaakt alles an engem Rucksak, den dir och droe kënnt. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen. Fir d’CaraPio/ Rover a Chef: Carry-Matte net vergiessen.
  • Umellen : Fir dass mir wëssen fir wéi vill Leit mir kache sollen ass et wichteg dass dir Iech virun e Freideg umellt, (och d’Chef) beim Guy Zoller um 691435358 no 18:00. Merci !
  • Präis: De W.E. kascht 20€ fir den eelsten aus der Famill an 15€ fir all déi aner. Bezuelt w.e.g. op der Plaatz.
  • Retour: Mir sinn Sonndes erëm um 17:00 zu Péiteng op der Gare.

De Samschdeg drop, den 13. November huet all Branche wéi gewinnt vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. (Fir d’RaRo u vun 16:00-18:00)

Fir all d’Matarbechter, Cara Pio, Chef, an d’RaRo:
E Samschdeg den 13. November ass Pobeiersammlung. R.d.v. wéi gewinnt um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Elo schons e decke Merci fir DENG Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top