Ziedel fir Nationalfeierdag

Fir Iech alleguer :

E Freiden den 23. Juni ass Nationalfeierdag. D’Gemeng vu Péiteng huet e grousse Programm fir dëst iwwer zwee Deeg, den Freiden 23. Juni an den Samschden 24 Juni ze feieren. Wéi all Joer huele mir un de Feierlechkeeten Deel.

Mir treffen eis Freides den 23. Juni an Uniform (ween eng huet) um 9:00 Auer zu Péiteng op der Maartplaaz, vun do huele mer d‘Navette fir op Rodange, um wou mir mam Cortège an den Te Deum ginn. Den offiziellen Deel ass géint 11:15 Auer eriwwer, d‘Kanner kënnen da vun den Elteren bei der Rodanger Sportshal ofgeholl ginn oder kommen mat de Chef an der Navette géint 12:30 Auer zeréck op Maartplaz.

Den Samschden 24 Juni organiséieren mir nomëttes vu 14°°-18°° Spiller am Péitenger Park. All eis Memberen si natierlech invitéiert fir bis laanscht ze kommen a matzespillen. De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu

Fir all d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guildememberen, Mataarbechter, a Chef: Déi Leit déi wëlle bei de Spiller hëllefe sollen sech beim Claire um 621 68 39 99 mellen. Mir treffen eis den 24  Juni um 10°° beim Staatshaus. P.S. Mir brauchen nach vill Leit…..

Fir d’Biber :

Dir léif Biber , mir hun den Samsden 17 Juni normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prenzebierg. Den Samsden 24 Juni as keng Versammlung weinst dem Nationalfeierdaach, kukt dofir bei „Fier Iech alleguer“.

Fier d’Wellef :

Dir léif Wellëfcher den Samsden 17. Juni gin mir zesummen an den Walygator. Dofir fueren mir schon mettes um 13h00 um Prënzenbierg ennen wou emmer d‘Eucosider war fort an wärten fir 18h45 erem do zereck sin. Mathuelen musst dir dofir 20€ Entree, eppes geint d’Sonn (zB eng Kapp an Sonnecrème), bequem Schung, e Bidon mat Waasser an falls schlecht Wierder as och eppes géint den Reen. Ausserdem musst iech weinst dem Transport beim Alex (691 177 773) unmellen. Den 24. Juni as keng Versammlung kukt do bei „ Fir Iech alleguer“.

Fier d’Avex :

Samsdes, den 17.06 hun mer Versammlung vun 14:00-17:00 um Prënzebierg. Mir bauen do eis Breifkëscht fir de Camp zesummen mat den AvEx vun Käerjeng an Esch/Grenz.

Samsdes, den 24.06 ass keng Versammlung, well do d’Festivitéiten vum Nationalfeierdaach sin. Kommt roueg mettes lanscht an den Park kuken.

Fier d’Carapio :

Léif Carapio, mir hunn den nächsten Samschden de 17. Juni normal Versammlung vun 14-16 Auer, wou mer wieder un eisem Sall schaffen. Den 24 Juni as keng Versammlung, kuckt bei „ Fir Iech alleguer“ an kommt mat hëllefen.

Fier d’RaRo : 

Den Samsden 17.06 hun mer normal Versammlung vun 16-18h um Prenzebierg. Den Samsden drop, den 24 Juni hellefen mer d’Spiller am Park oprichten an animéieren, kukt dofir bei „Fir Iech alleguer“.

 Fier d’Chef: Mettwochs, den 14 Juni as Grupperoot um 20 Auer am Avexsall.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top