Ägypten (Entreprise)

no images were found

no images were found

no images were found

Mir hunn an den AvEx grad eis Entreprise zum Thema aalt Ägypten ofgeschloss. Wat hu mer alles gemaach? Als éischt emol hu mer Pyramiden erfuerscht an der e puer selwer gebaut – natierlech nëmmen mat Material wat mer rondrëm eis am Bësch fonnt hunn. Fir eng Pyramid brauch een natierlech och eng Mumie. Mir hu gekuckt wéi eng Equippe déi stabilsten Mumie an e Wettlaf schécke kann.


Déi Kéier drop hu mer eis mat Specksteen dohi gesat fir aus Specksteen Ägyptesch Bijouen ze erschafen. Mat klenge Meessel, graffe Feilen an zum Schluss rengem Sandpabeier goufen déi ronn 15 Stécker Specksteen (am ganzen 5kg fir 10€) bearabecht.

no images were found

no images were found

no images were found

Dono konnte mer eis als Pharao fillen, well mat enger individuell ugepasster, bemoolter Gipsmask feelt net méi vill bis bei dem Ramses säi Sarkophage. Dofir hu mer Stécker Gipsverband kleng geschnidden. D’Kanner kruten d’Gesiicht gutt mat Fiichtegkeetscrème ageriwwen fir dass d’Gipsmask net peche bleift. De Verband gouf e puer Sekonnen an d’Waasser gezappt an dann op d’Gesiicht geluecht. Et muss ee just drun denken dass enzwousch en Otemwee fräi bleift! E puer Schichte Verband kommen iwwerteneen fir dass d’Mask dono stabil ass. Mir hu fir 8 Kanner 5 Rouleauen 10cmx270cm breeden Verband gebraucht, zesummen 15€. No e puer Minutten ass d’Mask dréchen a ka bemoolt ginn.

Als Ofschloss vun eiser Entreprise virun der Ouschtervakanz hu mer dann nach Pabeier mat Kaffi a Bananneschuelen ageriwwen fir en al ausgesinn ze loossen iert mer mat engem Hieroglypheschlëssel Messagen op den Pabeier gemoolt hunn.  Den Schlëssel fannt der hei.

no images were found

no images were found

no images were found

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top