Infoziedel Enn Abrell 2019

Fir d’Biber :

De Samschden 27 Abrëll ass leider keng Versammlung. De Samschden 4 Mee ass dann erëm normal Versammlung vun 14-16 Auer um Prënzebierg

Fir d’Wëllef :

Dir léif Wëllefcher dëse Samschden, de 27 Abrëll ass keng Versammlung, dofir gi mir awer de Sonnden 28 Abrëll op den Wëllefchersrallye zu Kayl, mir treffen eis dofir moies um 8h30 zu Péiteng op der Gare a fueren da vun do aus zesumme fort. De Rallye dauert bis 16h00, mir sinn da wahrscheinlech zweschen 16h30 a 17h00 erëm zréck sinn. Mir soen iech do nach Sonndes Bescheed. Dir musst ee Rucksak mat Pic Nick a Gedrénks mathuelen. Ditt Ierch dem Wierder no un. 

Den 4. an de 5. Mee geet et rasant weider, mir hunn do Wellefchersweekend zu Miersch am Chalet les Loutres ( Adress: B.P.31, L-7501 Miersch). Mir hunn eppes vu verdächtegen Aktivitéiten an der Géigend do héieren #escape room. De Weekend geet vun Samschdes 11h bis Sonndes 16h00. Falls dir nach Platz am Auto hutt fir aner Kanner matzehuelen oder dir selwer net fuere kennt sot am beschte beim Umelle Bescheed. De Weekend kascht 30€ pro Wëllefchen. Dir braucht eng Fiche Medicale. Eng Kopie vun der Carte d‘identité an der Impfkaart. Mathuelen: ee Rucksak, Schlofsak, Bidon, Täscheluucht an Täschemesser, Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Wäschsaachen, Kleeder fir 2 Deeg, Biergschong, Schlappen, Spullduch. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen.

Opgepasst: Fir de Rallye AN de Weekend musst dir Iech beim Alex: 691 17 77 73 umellen.

Fir d’Avex :

Hei déi läscht Detailer vir den Weekend: Ufank ass den 26. Abrëll um 18:00 beim Scoutschalet zu Dikrech (Adress: 32, am Floss zu Dikrech) an et ass eriwwer den 28. Abrëll um 11:00. Transport: Wannegelifft  bréngt äert Kand dohinner an huelt et duerno och erem mat. Fir matzehuelen: Ënnerwäsch a Strëmp fir all Dag ze wiesselen,  Uniform a Foulard (Hu mir och un wann mir ukommen), Gezei wat dem Wierder ugepasst ass, Wäschsaachen (Zännbiischt, Seef), 1Kichenduch,  Carrymatt, Schlofsak, K-Way/Reenjackett, Bidon (min. 1L), Becher a Gamelle mat Besteck, Täscheluucht, Täschemesser, AvEx Pass, eventuell Ourestepp (fir wann een net gutt bei Geschnarchs schlofe kann), perséinlech Medikamenter , Fiche médicale (fannt der op lgspeiteng.com bei den Dokumenter), WICHTEG: Markéiert är Saachen, virun allem d’Gamelle an d’Besteck, vill Leit hunn dat selwecht! Wäertsaachen (Handy, Ipod, etc) a Séissegkeete bleiwen doheem! De Weekend kascht 35€. Samschdes de 4.05 hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00.

Camp Infos: Bis de 4.05 ass och nach Zäit  den Acompte vun 100€ ze bezuelen. LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 // Mentioun “Holland 1 [Numm vum AvEx]”. Nëmmen doduerch sidd dir ugemellt. Fir d’Elteren: den 11.05 ass eng Eltereversammlung zum Camp, um 16:30 zu Kënzeg am Scoutschalet.

Fir d’Carapio :

Mir schaffen déi nächst Versammlungen den 27 Abrëll an den 4 Mee erëm un eisem Hochbeet. Bréngt w.e.g. Schaffhändsche mat an ditt fest Schong un. Wann der net kennt kommen da mëllt Iech beim Christophe of.

 

Fir d’RaRo : 

Den 27 Abrëll an den 4 Mee hunn mir Versammlung um Prënzebierg as usual.

Fir d’Albatrossen:

Mir treffen eis de Freiden 26ten Abrëll um 20h um Prënzenbierg. Et get eng méi gemitterlech Versammlung. D‘ Guilde huet den 27. Abrëll hier Generalversammlung , um 19h am Chalet um Prënzebierg an d‘Albatrosse sinn do häerzlech agelueden. Denkt drun Iech beim Martine Schlottert unzemellen (GSM: 621 414 040, Mail: jschlott@pt.lu) fir d’Iessen ze plangen

Fir d’Chef:

Den Donneschden 25 Abrëll ass Grupperoot. Rdv wie ëmmer um 20h am Avexsall. 

 
 
 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top