Infoziedel bis den 25 Januar 2020

D’Cheféquipe vun den Péitenger Guiden a Scouten wënscht Iech alleguer en schéint Joer 2020.

 

Fir Iech alleguer: E puer Datumer fir op de Kalenner

Charity Wanter Hike

Wanter Charity Hike 2020
Wanter Charity Hike 2020

Den 8. Februar geet eise Grupp mat op de Wanter Charity Hike 2020 (https://raro.lgs.lu/wanter-charity-hike-2020/).“De Charity Wanter Hike ass eng Aktivitéit, déi an d’Liewe geruff gouf vir d’Odyssee’en, déi am Summer 2020 stattfannen, ze ënnerstëtzen. Haaptzil vun dëser Aktivitéit ass et, Don’en ze sammelen, déi benotzt ginn, vir d’Camp-Chantier’en ze finanzéieren.” Fir Sponsoren ze fanne luet iech d’Lëscht als PDF ënnen op der Säit https://raro.lgs.lu/wanter-charity-hike-2020/patter-giedel-system/ erof.

Buergbrennen:
Eist traditionellt Buergbrennen ass den Samschden 29 Februar.

Theater:

De 6. an de 7. Mäerz spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert. Haalt Iech dës Datumer scho mol fräi. Wieder Infoe kommen no.

Fir d’Biber:

E neit Joer bréngt och nei Aktivitéite mat sech. Also kommt den Samschden 11.01, den 18.01 an de 25.01 allkéiers vun 14-16h op de Prënzebierg kucken. Frot och äer Elteren op dier kennt beim Theater matspillen a sot eis Bescheed.

Fir d’Wëllef:

Dir léif Wëllef, no dëser laanger Paus gesi mer eis erëm. Den 11. an den 18. Januar hunn mir vun 14-16h Versammlung um Prënzebierg. Mir fänke mat engem neie Komet un. Falls et awer iwwerraschend sollt schneie kennt dir ee Schlitt matbréngen. Den 25 Januar gi mir zesummen ob d’Äispist „Kockelscheier“. Dofir treffe mir eis um 14h00 zu Péiteng ob der Gare a fir 18h15 si mir erëm zréck zu Péiteng. Et gëtt mat Sécherheet kal ditt iech entspriechend un. Entrée kascht 5€ an 10€ Täschegeld kennt dir och mathuelen. Fir déi di eege Schlittschong hunn kennen déi och matbréngen. Vergiesst äre Foulard net. Kuckt och bei „ Fir Iech alleguer“ a sot eis w.e.g. an der nächster Versammlung Bescheed op der kennt beim Theater matspillen.

Fir d’Avex:

Samschdes, den 11.01, den 18.01 an de 25.01 hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00. Mir fänke mat eiser Expeditioun “Pimp my AvEx-Sall” un wäerten eis och Gedanke maache fir den Theater. Denkt also drun är Elteren ze froen ob der matspille kennt.

Fir d’Carapio:

Wéinst ze wéinegen Umeldunge gi mer awer net op de CaraPio Funkraid. Amplaz hu mer Programm wéi hei drënner beschriwwen.
Den 11. Januar moies gesi mer eis um 8:30 fir d’Pabeiersammlung. Dëst ass oft déi Pabeiersammlung vum Joer wou mer am meeschten Aarbecht hunn, also ziele mer op är Hëllef. D’Detailer sti bei “Fir d’Mataarbechter…”.
Den 11. Januar Mëttes ass Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir wëlle viru komme mat de Virbereedunge vum Theater, dat wärt also een Deel vun der Versammlung sinn. Bréngt är Iddie mat.
Den 18. an 19. Januar ass de CaraPio Wanterhike. (Just fir déi déi sech ugemellt hunn.) D’Detailer dovu stinn op http://lgspeiteng.lu/8643 .
De 25. Januar hu mer Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Fir d’RaRo:

De Samschden den 11. Januar an de 25 Januar hu mer normal Versammlung um Prënzebierg.
De Samschden 11 Januar ass och moies Pabeiersammlung.
De Samschden 18 Januar ass eist renomméiert „RaRo-Wantergrillen“. Mir wäerten do direkt no de Versammlungen um 16h ufänke mat opriichten.

Fir d’Albatrossen:

De Samschden 11 Januar ass Pabeiersammlung. Mir hunn de Freide 17. Januar um 20h Versammlung um Prënzebierg.
Zudeem organiséieren de 15 Februar d’Walfer LGS hier traditionell Raclettfriess. Mir hunn fir eng Gruppenumeldung ze maachen, also kennen déi, di wëlle matgoen, sech beim Christelle mellen.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter:

Dëse Samschden den 11 Januar ass déi eicht Pabeiersammlung fir d’Joer 2020. Och dëst Joer ass DENG Hëllef natierlech wëllkomm. Rdv um 8:30 Auer um aale Site vun der Ecosider.

Pabeiersammlungen 2020:

Hei d’Pabeiersammlunge fir dat ganzt Joer 2020: 15 Februar, 14 Mäerz, 18 Abrëll, 23 Mee, 20 Juni, 11 Juli, 8 August, 5 September, 10 Oktober, 7 November, 5 Dezember

Fir d’Chef: Den Donnëschden 23 Januar ass Grupperot um 20h am Chalet.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top