CaraPio Wanterhike 2020

Léif CaraPio,

De Wanterhike vu CaraPio Süden ass dës Kéier vum 18. bis den 19. Januar 2020. Umeldeschluss per Virement ass de 26. Dezember 2019. Mir wanderen a maache flott Spiller ënnerwee op de Posten.

Ufank ass Samschdes 18.1. um 9:00 zu Péiteng beim Kierfecht, Schluss ass Sonndes 19.1. um 18:00 op der selwechter Plaz.

Dat hei musst der mathuelen: déck Schong (KENG Turnschlappen!), waarmt Gezei fir ze wiesselen, e waarme Schlofsak (mir schlofen um Fond de Gras an enger Hal déi net gehëtzt ass), Carrymatt o.ä., Täscheluucht an Täschemesser, Gamelle an e gefëllte Bidon, eng Secherheetsvest, e Bic, Tupperware fir um Schluss Iessensreschter mat heem ze huelen, Carte d’identité, Fiche médicale (eroflueden hei: http://lgspeiteng.lu/doc) an d’Dokumenter déi dozou gehéieren, an dat wat der soss esou braucht fir e Weekend ze wanderen.
Dat hei rode mer iech mat ze huelen, mä dir musst net: Ouerestëpp fir d’Nuecht, laang Ënnerwäsch, e Kompass.
Dir braucht näischt fir z’iesse mat ze bréngen.

Wann der kee waarme Schlofsak hutt oder soss Material feelt mellt iech w.e.g. beim Gilles a mir fannen eng Léisung. Probéiert net mat engem Summerschlofsak derduerch ze kommen.

Mellt iech un bis de 26. Dezember mat dësem Virement:

20€
LGS Péiteng Grupp hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Vermierk: CaraPio Wanterhike [Numm vum CaraPio]

Hei si Fotoe vun engem Hike virdrunn:

 

1 thought on “CaraPio Wanterhike 2020”

  1. Pingback: Infoziedel bis den 25 Januar 2020 | LGS Péiteng

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top