Sam. 12.09.: Generalversammlung
Rendez-vous am Home St. Hubert zu Péiteng um 19 Auer. No der Versammlung gëtt et nach een Agape.
Mir freeën eis op Iech!
Sam. 26.09.: Sortie op de Stau
Mir maachen fir d’éischt een Trëppeltour bei Bavigne. Et handelt sech em een Autopedestre vun 9,2 km. Dono iessen mir an der “Auberge du Lac”.
- Rendez-vous: 9 Auer um Parking-Centre zu Bavigne.
- Rendez-vous (just fir d’Iessen) : 12:30 Auer um Parking-Centre zu Bavigne. Mellt Iech unbedingt beim Georges (691 43 46 49) fir dass Plazen am Restaurant reservéieren kann ginn.
Sam. 03.10.: Franziskusmass
D’Mass fänkt 15:30 Auer zu Péiteng beim Chalet statt. Fir déi déi wëllen kennen scho um 15 Auer kommen fir bei der Sangprow deelzehuelen. Covid-19 Mesuren ginn agehalen. Denkt un Är Mask!
No der Franziskusmass gëtt ee Patt offréiert..
Sam. 10.10.: Pabeiersammlung
Am Prinzip dierfen Péitenger Scouten ërem ab Oktober Pabeiersammlung iwwerhuelen. Falls dës net geännert gëtt, treffen mir eis um 8:30 Auer bei der Eucosider zu Péiteng
Den. 13.10.: Keelenowend
Rendez-vous um 20 Auer am Café Müller zu Lampech.
Sam. 17.10.: Trëppeltour
Trëppeltour bis bei den “Kues” zu Guerlange. Rendez-vous um 14 Auer beim Home St Hubert zu Péiteng.
Mon. 26.10.: Comité
Um 20 Auer am Home.
Den. 10.11.: Keelenowend
Rendez-vous um 20 Auer am Café Müller zu Lampech.
Den. 01.12.: Keelenowend
Rendez-vous um 20 Auer am Café Müller zu Lampech.