Scoutsziedel vum 26.04 bis den 3.05. 2014

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, mir hun déi zwee nächst Samschdeger de 26. Abrëll an den 3. Mee all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prenzebierg.

De 26. Abrëll kennt d’Lena eis besichen. Den 3. Mee mache mir flott Spiller dobaussen. Wéi dir gesidd et lount sech emmer derbei ze sin. Well et zou méi nach méi flott gett, wir et super wann dir e puer Kollege gingt matbréngen.

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, endlech ass et esou weit, et ass schéint Wieder, duefir si mir déi zwee nächst Samschdeger de 26. Abrëll an den 3. Mee dobaussen. R.d.v wéi emmer vu 14°°-16°° Versammlung um Prenzebierg. Didd am beschten eng laang Box un, dat ass besser, fir wann är Been mol gingen duerch eng pickeg Heck goen.

Bréngt onbedéngt fir de 26.4 eng kleng Holzkëscht mat vu mindestens 30x20x10 cm (z.Bsp.eng Orangekescht).

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx, hei sinn dei lächst Infoen zum Weekend.
Mathuelen am Rucksaack:Täscheluucht // Täschemesser // Becher // Gamelle +Besteck // Carrématt+Schlofsak fir dobaussen // Hygiensartikelen // Uniform+Foulard, Kleeder fir all Wieder // Ënnerwäsch a Strëmp // keng Elektronik oder Séissegkeeten

Matbrengen op de Prënzebierg: Fiche Médicale => hei klique Fiche méd_Péit_  // Jumboskaart wann en eng huet, falls net soll een de Chef Bescheet soen.

De Weekend kascht 20€, falls een Geschwester matgeet kascht et fir deejéinegen 15€.

Zur Erënnerung de Weekend fänkt de Freiden de 25. Abrëll  um 19:00 um Prënzebierg un. Schluss ass Sonndes géint 18:15, op der Gare zu Péiteng.

Samschdes, den 03. Mee ass normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00

Fir all d’CaraPio:

Den 26. Abrëll ass Versammlung vun 14-16. Fir den Atelier an deem mir Feierstarter selwer maachen braucht dir 1 Eerkëscht, 1 aal Käerz déi mer kënne schmëlzen an e puer Gräpp voll Fusemen déi der kënnt vum Filter an ärem Trockner sammelen. Wa gutt Wieder ass spille mer amplaz Volleyball mat eisem Netz dat mer um UK’an gewonnen hunn! Bréngt all e Ball mat.

Den 3. Mee ass keng Versammlung, är Chef si bei der RaRo Ekipp respektiv der Regionalekipp engagéiert. Moies ass Pabeiersammlung. Well relativ fill Leit net do sin  ass et extra wichteg dass DU derbei bass r.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss.

Rappel: Iron Scout. Dëse 65km Wanderhike ass vum 16.-18. Mee zu Klierf. Du kanns natirlech och manner weit goen. Preis: 30 Euro. Loscht op eng Erausfuederung? Da mell dech beim Kim um 621197160 un.

Fir all d’RaRo:    

Den 26.04 ass keng Versammlung well är Chef net do sin.

Vum 2.5-4.5 gi mir op den Nationalen RaRo W.E. op d‘ Neihaischen wou 45 Joer Route gefeiert gin. Daat ganzt kascht 50 Euro op de Kapp. Mell dech bis den 27. 4 beim Kim um 621197160 oder beim Yannick um 691886622 per SMS un a gëff déi 50 Euro + fiche médicale bei hinnen of.

Fir all déi Leit wou net mat op de W.E gin: Kommt w.e.g op d’Pobeiersammlung mir brauchen iech!!! R.d.v wéi emmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss.

Iron Scout och fir RaRo! Dese 65k.m Wanderhike ass vum 16.-18. Mee zu Klierf. Du kanns natirlech och manner weit goen. Preis: 30 Euro. Loscht op eng Erausfuederung? Da mell dech beim Kim um 621197160 un.

Neies vun der Guilde:

Donneschden, den 24. Abrëll 2014 ass Keelenowend Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale).

Méindes, den 28. Abrëll  ass Comité um 20 Auer am Home.

Samschdeg, den 3. Mee  ass Pabeiersammlung Rendezvous um 8.30 Auer op der Léngerstross.

Samschdeg, den 17. Mee  ass Generalversammlung. Mir treffen eis um Prënzebierg am Chalet. Detailer kommen no.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef:

Samschdes de 3.Mee ass Pobeiersammlung.Rdv wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Well relativ fill Leit net do sin (RaRo W.E. a Préparatiounen fir den Iron Scout)  ass et extra wichteg dass DU derbei bass. R.d.v wéi emmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss.En decke Merci fir DENG Hëllef!

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top