Infoziedel September 2020

Fir de ganze Grupp (also fir Biber, Wëllefcher, Avex, CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef  a Guilde)

Dëst Joer fannen d’Feierlechkeeten zur 76ter Liberatioun vun Péiteng an engem méi klenge Kader statt. De genaue Programm kennt der um Site vun der Gemeng fannen: petange.lu. Hei elo just di Evenementer wou mir als Scouten deelhuelen.

Mëttwochs den 9. September: Gedenkfeier bei der Borne des Passeurs an beim Monument vun Hyman Josefson

R.d.v um 18:30 an Uniform bei der Kierch zu Péiteng. Fir d’éischt as eng Gedenkfeier bei der Borne des Passeurs duerno gi mer zesummen op de Square Hyman Josefson (beim Panzer) wou um 19:30 eng Zeremonie fir de gefaalenen Zaldot ass. Um 19:45 gëtt et nach en Éierewäin beim Centre Wax. Domat ass eis offiziell Participatioun vun de Scoute géint 20:00 eriwwer.

Wichteg : Wéinst der Covid-19 Pandémie si mir all gebieden ons un d’Mesuren ze halen d.h. Ofstand halen, an Mask undoen falls dat net méiglech ass. Ausserdeem musse mir eis Delegatioun virdrun umellen!! Mellt Iech also w.e.g. bis den 8 September beim Claire (621 68 39 99) un. Denkt drun, ouni Umeldung gëtt et keen Éierewäin/Eierejus 🙂

Fir d’Biber

Léif Biber, mir hunn den 19 an de 26 September allkéiers vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Prënzebierg. Kommt alleguerten är nei Cheftainen d’Claire an d’Lyn begréissen.

Fir d‘Wëllef:

Dir léif Wëllef, no dëser laanger Paus geet et erëm weider. Den 19. an de 26. September hunn mir Versammlung um Prënzebierg vu 14:00 bis 16:00. Mir fänke mat engem  neie Komet un. Falls dir Kolleegen hutt (mir hoffe jo dat ass de Fall) kënnt dir déi gären och matbréngen.

Fir d’Avex

Léif Avex, mir Chef hunn zwou Noriichte fir iech:

1) déi traureg Noriicht ass, dass de Fredi dëst Joer Paus mëscht als AvEx-Chef. Bei Froen zu Aktivitéiten oder fir iech ofzemellen, kennt der dat beim Fränz maachen um 691 942 484.

2) déi gutt Noriicht ass, dass eis Versammlungen erëm ufänken, déi wieren den 19.09 an de 26.09 all kéiers um Prënzebierg vu 14:00-16:00. Bréngt roueg är Frënn a Frëndinne mat, well wann mer zu méi sinn, kenne mer nach méi flott Aktivitéite maachen.  (Natierlech hale mir eis un d’Richtlinne vum Verband, noliesen ënner lgs.lu/summer2020/)

Fir d’CaraPio

Mir gesinn eis Samschdes den 19. an de 26. September vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg. Mir werkelen a mir kucken no vir: iwwerleet iech scho wat eis nächst Entreprise soll sinn!

Fir d’RaRo

Mir hunn den 19.09 an de 26.09 Versammlung vun 16.15 bis 18.30 Versammlung um Prënzebierg.

Fir d’Albatrossen

Eis éischt Versammlung vun dësem Joer ass Freides den 18. September um 20h beim Péitenger Chalet. Kommt am beschten zahlreich. Vergiesst och net bei der Generalversammlung vun der Guilde derbäi ze sinn. Déi ass den 12.09. um 19h am Home St Hubert.

Fir d’Chef:

Méindes den 14. September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° am Avexsall.

Samschdes den 19. September an Sonndes den 20. September: online Kanu-daach a Chefdag

Dëst Joer probéiert de Verband en neit Konzept aus, andeems den Kanu-dag an de Chefdag allen zwee online ugebuede ginn. Normalerweis krut all Chef schonn eng Email mat den Detailer fir sech unzemellen. Falls dir Problemer bei der Umeldung hutt, mellt Iech beim Annick fir ze kucken op är Daten am Membersfichier aktuell sin. Wann dir nach Detailer noliese wëllt, da gitt op de Site vun de LGS kucken. Um Chefdag kann all Chef/taine matmaachen och wann hien/hat keng Ernennung huet.

Samschdes de 26. September: online Kongress

Och de Kongress fënnt dëst Joer online statt. Dir musst Iech dofir en Passwuert ufroen (et ass net dat nämlech wéi de Chef-Login) um Site vun de LGS. Domat kennt der d’Diskussiounen online mat verfollegen an um Kongress ofstëmmen. De Kongress ass just fir ernannten Chef/tainen

Fir d‘CaraPio, d‘RaRo,d‘Albatrossen, d’Mataarbechter,d’Guilde an d’Chef:

 D‘Kleedersammlung vum Kolpingswierk fält dëst Joer leider aus.

Eis Pabeiersammlungen kenne mer viraussiichtlech erëm am Oktober maachen. Deemno wäert di nächst Pabeiersammlung den 10 Oktober sinn. Detailer kommen no.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top