Scoutsziedel bis den 29. Oktober

Informatiounen fir de Montees W.E.

Chalet St. Georges

Wéi dir bestëmmt schonns wësst, wiesselen bei der Montée déi eelst vun all Branche, d’Branche. Dëst ass eng wichteg Etapp vun all  Guide/Scout. Fir dëst Evenement esou richteg zur Geltung kommen ze loossen, mécht de ganze Grupp e Weekend. Wou? De W.E. ass zu Wolz am Chalet St. Georges.
Depart: Mir treffen eis e Samschdeg den 15. Oktober um 13.45 Auer an Uniform (wann dir eng hutt) zu Péiteng op der Gare.
Mathuelen: Jumbokaart, oder E-Go Kaart, Täscheluucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sinn an eppes géint de Reen daachen), Schlofsak, deck Schung,déi ausgefëllten Fiche Médicale. Verpackt alles an engem Rucksak, den dir och droe kënnt. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen.Fir d’CaraPio, Rover a Chef: CarryMatte net vergiessen.
Umellen : Fir dass mir wëssen fir wéi vill Leit mir kache sollen ass et wichteg dass dir Iech bis e Donneschdeg umellt, (och d’Chef) beim Fredi Feller um 621472510 Merci ! Preis: De W.E. kascht 20 Euro fir den eelsten aus der Famill an 15 Euro fir all déi aner. Bezuelt w.e.g beim Depart.
Retour: Mir sinn Sonndes erëm um 17:51 Auer zou Péiteng op der Gare. Remarque: Well fill RaRo och gläichzäiteg Chef sinn, maachen d’CaraPio déi an d’RaRo ginn, hier Montée de Samschdeg drop. Du bass RaRo an net Chef? => Mell Dech un a géi mat op de W.E. Deng Hëllef gëtt dringend gebraucht.

Versammlungen

E Samschdeg, den 22 Oktober: D’Wellef, d’AvEx an d’CaraPio hunn wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
D’RaRo hun eng verlängert Versammlung fir hir nei Memberen opzehuelen. D’Versammlung dauert vun 16°° bis +/- 24°° Auer. An deser All-Inclusive Versammlung ass d’Heembrengen mat dran.
Den 29. Oktober geet d’Vakanz un, do ass keng Versammlung.

Fir all d’Matarbechter,CaraPio,Chef, an d’RaRo
Rüdiger NehbergE Samschdeg den 15. Oktober ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Léngerstross. Elo schonns e decke Merci fir deng Hëllef!
Samschdes den 29. Oktober kennt den Rüdiger Nehberg um 20°° e Virtrag zum Thema Survival-Abenteuer-Menschenrechte op Hesper haalen. De Mann huet 75 Joer an ass souzesoen de Grënner vum Survival. Eise Grupp huet Plazen resevéiert. De Virtrag gëtt vum Scoutsverband organiséiert an ass gratis. Wanns Du intresséiert  bass fir mat ze goen, da mell dech w.e.g. bis e Freiden (14.10) beim Guy un. Tel 691435358 (no 18°°). Weider Informatiounen iwwer den interessante Mann fannt dir op: www.ruediger-nehberg.de

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top