Scoutsziedel bis den 14. November

Fir all d’Wellefcher:
E Samschden den 31. Oktober ass KENG Versammlung. Samschdes den 14. November hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Mir wenschen iech alleguer eng schéin Vakanz!

Fir all d’ AvEx:

E Samschden den 31. Oktober hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Mir wären begeeschtert wann dir am Geeschterlook gingt kommen, et gëtt eng grugelesch Versammlung!! Vergiesst net Rezepter fir Kichelcher matzebrengen. Samschdes den 14. November hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg, do fänken mir mat eiser Back- Entreprise un.

Fir all CaraPio:
Mir hun e Freideg den 30. Oktober vun 19°°-21°° Versammlung um Bierg. Samschdes den 14. November hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Den 14. November ass och Pobeiersammlung, dir wesst jo dass mir Iech brauchen!!!! R.d.v ass um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.

Fir all d’RaRo:
E Samschden den 31. Oktober hun mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Samschdes den 14. November hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Den 14. November ass och Pobeiersammlung, dir wesst jo dass mir Iech brauchen!!!! R.d.v ass um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.

Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Den 14. November ass Pobeiersammlung, wéi ëmmer si mir op DENG Hëllef ugewisen.
Elo schons en dëcke Merci!! R.d.v ass um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top