Fahrenheit

Foto: BY-NC-SA Julia Manzerova

Wann der eemol musst séier am Kapp Fahrenheit an Celsius ëmrechnen, kënnt der dës Formule benotzen déi einfach a relativ genau, wann och net exakt ass.

  • Huel d’Fahrenheit, zéi 30 of an Deel duerch 2. Z.B 451F wieren 210C (a Wierklechkeet sinn et 233C)
  • Huel d’Celsius, multiplizéier mat 2 a rechen 30 dobäi. Z.B. 25C wieren 80F (a Wierklechkeet sinn et 77F).

Wann e Schlofsak Komfort bis 60F bidd, géift der en dann am Wanter benotzen?
Wann der e Kuch bei 450F bake sollt, sinn dat da méi oder manner wéi 200C?
Wann der engem Amerikaner soe wëllt bei wéi vill Grad Fahrenheit een zu Lëtzebuerg Schoulfräi huet, wat sot der him?

Déi genee Formule ass iwwregens C*9/5+32=F an (F-32)*5/9=C wann der wëllt de geneeë Wäert rechnen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top