Infoziedel bis den 02 Abrëll 2022

Fir Iech alleguer

D’Fotoen vum Buergbrennen sinn op eisem Internetsite ze bewonneren: Fotoen: Buergbrennen 2022 – LGS Péiteng (lgspeiteng.lu). E grousse Merci un alleguer déi gehollef hunn dëst flott Event ze organiséieren an déi eis ennerstëtzt hunn andeems si kucken komm sinn.

Haalt Iech di Owender vum 13 a 14 Mee um Kalenner fräi. D’Scoute vu Péiteng lueden Iech do Häerzlech op eisen Theater am Home St. Hubert zu Péiteng an. Detailer wéi der Plaze reservéiere kënnt, kommen no.

Fir d’Wëllefcher

Mir hunn den 19.03 an de 26.03 normal Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Sot eis w.e.g an deene Versammlunge Bescheed op dir kennt den 13 an de 14 Mee am Theater matspillen. Den 02.04 ass keng Versammlung well do ass Vakanz.

Fir d’Avex

Salut Avex, mir hunn den 19.03 an de 26.03 normal Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Sot eis w.e.g an deene Versammlunge Bescheed op dir kennt den 13 an de 14 Mee am Theater matspillen. Den 02.04 ass keng Versammlung well do ass Vakanz.

Fir d’CaraPio

Liest w.e.g. alles emol duerch well et gëtt e puer Saachen déi mat Zäit musse gemaach ginn.

E grousse Merci un är Hëllef beim Buergbrennen a bei der Pabeiersammlung. Engersäits konnte mer esou ville Leit eng Freed mat engem flotten Owend maachen, an anerersäits Leeschte mer mat der Pabeiersammlung de Péitenger en Déngscht. Mat de Suen déi de Grupp dofir kritt kënne mer eist Material an Aktivitéite wéi d’Zopp am Ärdlach finanzéieren. Dir sidd mega!

Fänkt w.e.g. elo schon un ausgeblosen Eeërschuelen ze sammele fir de 26. März.

E Samschden, 19. März ass den Délai fir sech fir den Iron Scout un ze mellen, entweder an der Versammlung oder per SMS un e Gilles. Bis den 21. März muss de Virement gemaach sinn. Dëst Joer fënnt den Iron Scout nees an senger ursprénglecher Form – iwwert den Dag – statt. 65 km, 24h! #edition14 #carapiosueden.

Trailer Video: youtu.be/npVPnNEoepM
Départ ass Freides den 22. Abrëll op der Péitenger Gare, entweder um 16:00 oder 17:00*. Retour op der Péitenger Gare ass Sonndes um 11:40 oder 12:40* (*je nodeem zu wéivill mer sinn, no der Umeldung kritt der et genee gesot).
Den Challenge selwer start Samschdes moies ganz fréi an dann hudd der maximal 24h Zäit fir de ganze Wee rondrëm de Stauséi ze trëppelen. Natierlech kënnt der och éischter ophalen. Dir kënnt iech sponsore loossen pro Kilometer deen der trëppelt. Den Erléis heivunn geet un d’Associatioun HUK – Hëllef fir Ukrainesch Kanner. D’Detailer an d’Lëscht heifir kommen nach no.

Foto: huk.lu
Präis: entweder 35€ Basic Iron-Package : 5 Gänge-Menü, Badger, Taxi an eng Bloderplooschter, oder 55€ Premium Iron-Package: Basic Package + T-Shirt + VIP Taxi + 2. Bloderplooschter.
Apaken: Foulard, klenge Rucksak, Mask an Impfzertifikat (just falls dee Moment nees sollten néideg sinn), Waasserbidon (kann opgefëllt ginn), Schmierekëscht, Lieblingssnack (alles anescht fir z’iesse gëtt et op de Posten), Täscheluucht an Ersatzbatterien, giele Gilet, Reejacket an eppes géint d’Keelt, Schung fir 65km iwwer Feld- a Bëschweeër ze goen, Spullduch, aktuell Fiche Médicale F09A, perséinlech Medikamenter, Kleeder, Schlappen, Carrymatt, Schlofsak.

Virment bis den 21. März (w.e.g. all Virement eenzel)
LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
35€ (Basic) oder 50€ (Premium)

Vermierk: Iron Scout [Numm vum CaraPio]

Foto: D’Ekipp Péiteng – Kärjeng bei der JoCaPi 2021.

E Samschden, 19. März ass den Délai fir sech fir d’JoCaPi (Journée CaraPio) un ze mellen. Fotoe vum Rally vum leschte Joer fannt der hei: https://lgspeiteng.lu/f/20210417-lu-diekirch-trimagesch-jocapi D’JoCaPi ass dëst Joer Méindes den 9. Mee (Europadag) zu Käl. Du sichs eng nei Challenge? Du wëlls gemeinsam mat denger Ekipp eppes erliewen? Du frees dech, ob dir déi beschte CaraPio Ekipp aus dem ganze Land sinn? Dann ass d’Journée CaraPio genee dat richtegt fir dech!

Virment bis den 21. März (w.e.g. all Virement eenzel)
LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
15
Vermierk:
JoCaPi [Numm vum CaraPio]

Bis e Samschden, 19. März musst der Bescheed soen ob der den 13. a 14. Mee wëllt beim Theater e CaraPio Stéck opféieren a mat spillen. Sot an der Versammlung Bescheed oder schreift dem Gilles eng SMS:

E Samschden, 19. März gesi mer eis vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg. Well mer lescht Kéier bei der Pabeirsammlung gehollef hunn huele mer de Programm no: mir planzen dat wat dir u Som (passend zur Saison) mat bréngt an d’Hochbeet a besseren un eiser Bänk no. Mer bereeden och den Theater vir.

E Samschden, 26. März gesi mer eis vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg. Bréngt entweder ausgeblosen Eerschuelen oder haartgekachten Eeër mat. Mir dekoréieren se mat dem EggBot!

E Samschden, 2. Abrëll hëllefe mer bei der Pabeiersammlung. Nomëttes ass keng Versammlung. Zu Esch gëtt awer Owes e Rally vun de Scouten organiséiert, am Kontext vum „Esch 2022“ Kulturjoer. Werft dofir demnächst e Bléck op www.lgs.lu.

Fir d’RaRo

Mir hunn den 19.03 an de 26.03 normal Versammlung um Prënzebierg. De Samschden 02.04 ass nach moies Pabeiersammlung , RDV um 8 :30h op dem ale Site vun der Eucosider. Mëttes ass keng Versammlung wëll Ouschtervakanz ass

Fir d’Albatrossen

Mir treffen eis den Freide 18 .03 um 19:45 ënne bei der Eucosider a fueren zesummen an d’Stad , wou en spannenden Escaperoom op eis waart. De Samschden 02.04 ass moies Pabeiersammlung , RDV um 8:30h op dem ale Site vun der Eucosider.

Fir d’Chefs

Mir hunn den Mëttwoch 30. 03 Grupperot um 20h um Prënzebierg.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 02. Abrëll ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Eucosider. Elo schonns Merci fir är Hëllef.

1 thought on “Infoziedel bis den 02 Abrëll 2022”

  1. Pingback: Infoziedel bis den 23. Abrëll 2022 – LGS Péiteng

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top