Infoziedel Theater 2022 Mee

Fir Iech alleguer : Soutstheater

e Weekend vum  13. an de 14. Mee spille mer Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Et gëtt gespillt :

Wëllefcher: D’Helden si lass

AvEx: En Dag am L.A.P.

CaraPio: Wiertsgespréicher

D’Cheféquipe a Mataarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Winnie Abel iwwersat vum Roby Zenner

Kaviar trëfft Choucroute

De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am grousse Sall sinn.) De Preis ass 10 Euro fir Erwuessener a 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen  awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed. Dir kennt Är Platzen no der Ouschtervakanz, um 621 736 100 (Elsen) vun 18-20h reservéieren.

P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!

Fir d’Wëllefcher

Mir sin nach net grad ganz prett fir Theater ze spillen duerfir hei eis nächst Prouwen am Home St. Hubert zu Péiteng: Dënschden 26 Abrëll 18:30-19:30h , Méinden 2 Mee 17:30-19h, Dënschden 3 Mee 18:30 -19:30h, Méinden 9 Mee 17:30-19h, Dënschden 10 Mee 18:30-19:30h. Wann der wëllt kënnt der en klengen Cadeau fir an d’Tombola matbrengen.

Den Samschden 30.04 an den 07.05 schaffen mir an der Versammlung  um Prënzebierg vun 14-16h nach wieder un de Kulissen fir eist Theatersteck an prouwen nach e puer Szeenen.Den Samschden 14 Mee as keng Versammlung well mer jo Theater spillen, Di Woch drop , den Samschden 21.05  an 28.05 keng Versammlung wëll Schoulvakanz as.

Fir d’Avex

Eis nächst Prouwen sinn am Home St. Hubert zu Péiteng: Donneschdes ëmmer vu 17:30 bis 19h a Freides vu 17:30 bis 19h op folgenden Daten: 28.04, 29.04 , 05.05, 06.05, 12.05. Wann der wëllt kënnt der en klenge Cadeau fir an d’Tombola matbréngen.

De Samschdeg 30.04 , 7.05 hunn mir normal Versammlung vu 14h-16h um Prënzebierg. De Samschden 14 Mee ass keng Versammlung well mer jo Theater spillen, Di Woch drop , de Samschden 21.05  an 28.05 keng Versammlung wëll Schoulvakanz ass.

Fir d’CaraPio

Mir gesinn eis bis den Theater an den ugekënnegte Prouwen, allerdéngs all Kéier réischt um 16:45h. Dat op folgenden Deeg: 26. Abrëll, 3. Mee, an 10. Mee. Den 30.04 ass keng Versammlung well är Chef fort sinn. De 7.05 ass moies Pabeiersammlung (kuckt bei „Fir d’CaraPio, RaRo, … „)a mëttes ass keng Versammlung well mer den 9.05 op d’JoCaPi ginn (Détailer kommen no) Fir den Theater hëllefe mer beim opriichten, liest dozou méi wieder ënnen. Den 21.05 an den 28.05 ass keng Versammlung wëll d’Vakanz ass.

Fir d’RaRo

Den 30.04  an de 7.05 hu mer normal Versammlung.  De Samschdeg den 7.05  ass moies Pabeiersammlung (kuckt bei „Fir d’CaraPio, RaRo, … „). Fir den Theater den 13 a 14. 05 hëllefe mer beim opriichten, liest dozou méi wieder ënnen.

Den 21.05 maache mer eng speziell Kraider-Versammlung. Mir gi verschidde Kraider zesumme plécken a kachen eppes Leckeres zesummen. Dëss Versammlung dauert viraussiichtlech méi laang wéi 18h , Detailer kommen no. Hei nach de Link fir Infoen iwwert de Bealtaine Festival um Neihaischen, mëllt Iech un wann der do hëllefe wëllt : https://bealtaine.lgs.lu/

Fir d’Albatrossen

Eis nächst Versammlung ass den Freiden 20. 05 um 20h um Prënzebierg. Et gëtt en lëschtegen Owend mat Spill a Spaass.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschde 07.05  ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Kommt a maacht mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)

De 13 a 14.05  ass den Theater. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrénks, sou  ewéi em d’ofriichte Samschdes owes. R.d.v all Owend vu  17°° un am Home.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top