Programm vun der Guilde: September-Oktober 2022

Freides de 9. September 2022

19h00 Gedenkfeier fir den Hyman Josefson beim Monument vum éischten
gefalenen Amerikaner zu Péiteng op der Millen.
Duerno ass do een Dixie-Concert beim Wax.

Sonndes den 11. September 2022

10h30 Zeremonie virun Monument de la Borne du Passeur.

Samschdes den 17. September 2022

10h00 Nationale Guildentreff zu Ettelbréck: wien nach wëll matgoen soll sech fir weider
Renseignementer un de Georges Scherer 691 434649 wenden.

Samschdes de 24. September 2022

9 h00 Kleedersammlung: Rendez-vous beim ale Pompjeesbau zu Péiteng.

Samschdes den 1. Oktober 2022

Pabeiersammlung

Donneschdes de 6. Oktober 2022

20h00 Keelenowend: Rendez-vous zu Féngeg am Café Féngecher Stuff

Samschdes 8. Oktober 2022

16h00 Franziskusmass bei der Kapell um Prënzebierg mam Pater Theo Klein.

Uschléissend um
17h00 Aweiung vun der Informationstafel iwwert d’ Kapell an Golgothakräiz. De
Gemengerot ass present an invitéiert duerno op een Éierewäin an Grillen beim
Chalet. Dir musst iech net heifir umellen.

Opgepasst: Et si keng Parkplazen disponibel beim Chalet. Mir bieden Iech dofir den Auto
ënnen um Parking vun der aler Eucosider stoen ze loossen, an zu Fouss da
lëschten Stéck ze maachen. Wien schlecht zou Fouss ass däerf vun enger Navette
profitéieren.

Sonndes de 9. Oktober 2022

Journée nationale de Commémoration
D’ Gemeng huet bei der Redaktioun vun dësem Ziedel nach keng Detailer
erausginn.

Méindes den 17. Oktober 2022

20h00 Comitésversammlung um 20h00 am Home

Samschdes 22. Oktober 2022

Sortie an d’Éisleck mam Eliane a John Polfer
10h00 Rendez-vous um Parking vun der Mairie zu Eschduerf (Gemeng Esch-Sauer) 1, an
der Gaass L-9150 Eschduerf
Wanderschong undoen!
Trëppeltour vu 4-5 km iwwert Feld a Bësch (gezeechent: Libelle)
Mëttegiessen um Camping Bissen am Heiderscheidergronn (Ham, Fritten an Zalot,
Dessert a Kaffi)
Wien nach Gummi op de Schongsuelen huet, de kann Nomëttes mat laanscht
Sauer op Esch un der Sauer trëppelen. De Bus bréngt eis zeréck.
Umellen bis de Méinden 17.Oktober 2022, entweder John 621 132 961 oder
Georges 691 434649

Viraussichtlech:

Vakanz 2023 zu Bütgenbach ass komplett. De Marco kontaktéiert all déi Member déi
sech gemellt hunn, am Laf vum September iwwert Telefon fir weider Infoen,
Froen, Acompte fir d’ Vakanz.

70 Joer Guilde feiere mir den 9. Juli 2023 um Kuelbecherhaff

Der beste Weg zum Fortschritt ist der Weg der Freiheit.
John F. Kennedy

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top