Programm vun der Guilde: November-Dezember 2022

Mëttwoch den 26.10.2022

Gedenkzeremonie zum 75. Gebuertsdag vum Square Hymans Josefson

19:00 Auer Zeremonie mat enger Historescher Interpretatioun vun den Ereegnisser vun 1944

Donneschden den 30.11.2022

Keelenowend

Eis nei Adress fir Keelen ze spillen ass zu Käerjeng nieft der Kierch : Um Schoulkleppelchen

Keele gëtt um 20 Auer gespillt.

Fir déi hongreg Leit ass den Treffpunkt um 19 Auer fir nach e klenge Maufel z‘iessen

Samschden den 5.11.2022

Pobeiersammlung

Rdv um 8:30 um ale Site vun der Eucosider.

All Hëllef ass wëllkomm

Mèinden den 26,11.2022 bis Freiden den 25.11.2022

Adventskränz wéckelen an dekoréieren

Mer dierfen erëm bei der Famill Zwick doheem schaffen: 71, rue de Niedercorn zu Péiteng

Am Prinzip treffe mer eis owes um 19 Auer fir aktiv ze sinn,

mee wie well oder owes keng Zäit huet, kann ab 14 Auer bei Zwicks optauchen fir eng Hand unzepaken.

Adventsmaart

Detailer si nach net ganz kloer, well Gemeng virgesäit, eng ganz Woch mat 2 WE de Maart ze maachen. Sécher ass datt de WE vum 26. an 27. November Adventskränz, Chrëschtdekoratioun an de berüümte Scoutstéi op der Stadshausplaz verkaaft ginn.

Kuckt wegl fir Detailer um Scoutsziedel oder frot beim Claire no: 621 683 999

Samschden den 10.12.2022

Pobeiersammlung

Rdv um 8:30 um ale Site vun der Eucosider.

All Hëllef ass wëllkomm

Samschden den 17.12.2022

Friddensliicht a Véillée mat Träipeniessen

Friddensliicht gëtt an der Mass vun 17 Auer an der Kierch ausgedeelt.

Véillée mam Pater Theo Klein ass am Chalet um 18:30.

Fir Träipeniessen duerno mellt iech wegl. bis den 11.12 un beim Renée um tel: 691 975 679 (sms, whatsapp oder uruffen) wann der wëllt mat derbäi sinn.

Et ass och eng vegetaresch Alternativ virgesinn.

Mer wëllen dem Fernand Didier op dëser Plaz Äddi soen . Hie war ville vun eis e Virbild als engagéierte Scout, hëllefsbereet, lëschteg an ëmmer do, wann Nout um Mann war. Besonnesch bei der Pobeiersammlung an elo beim Wéckele vun den Adventskränz wäerte mer oft un hien denken.

Dem Elise, dem Martine a senger ganzer Famill drécke mer nach eemol op dësem Wee eis Matgefill aus a wënschen hinne vill Kraaft

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top