Infoziedel bis den 25 Februar 2023

Fir Iech alleguer :

Buergbrennen

Mir invitéieren Iech alleguer mat äre Famillen, Frënn, Noperen, Bomie …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen.

Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 25 Februar.

 De Fakelzuch geet um 18:30 Auer ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaangen. Jidderee wou beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.

Scoutstheater

De Weekend drop, den 03. an de 04. Mäerz spille mer Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Et gëtt gespillt :

Kanner vun allen Branchen:

Chaos am Bësch

geschriwwe vum Béatrice Lippert

D’Cheféquipe a Mataarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Bernd Spehling iwwersat vum Roby Zenner

Sief am Pool mäi Krokodil!

De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am grousse Sall sinn.) De Preis ass 10€ fir Erwuessener a 5€ fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen  awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed. Dir kennt Är Platzen,  ab dem 06.02.2023 ëmmer vu 17-19h um 621 73 61 00  (Elsen) reservéieren.

P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!

Léif Kanner denkt un är Prouwen. Déi si vun 17-19h am Home St. Hubert zu folgenden Datumer:

  • Donneschden de 26. Januar
  • Méinden 30 Januar
  • Donneschden 2 Februar
  • Dënschden 07 Februar
  • Freiden 10 Februar

Do kommen nach Prouwen am Februar no.

Fir d’Biber

Den 28. Januar an de 04. Februar hunn mir wei gewinnt Versammlung vun 14.00 bis 16.00 Auer um Prënzebierg. Wei d’ Lyn iech scho sot, waart elo ëmmer ee vun eis 2 ënne bei der Eucosider a mir ginn zesummen erop. Mir kommen dann och um 16.00 rëm zesummen erof. Bréngt äert Kand also am beschte géint 13.45 – 13.50 ënne bei d’ Eucosider. Denkt drun iech dem Wieder no unzedoen. Et ka sinn, dass och wann et reent mir d’ Versammlung dobausse sinn. Mellt Iech och w.e.g. bis Freides Owes beim Claire (691309108) of wann dir net kommt, fir dat mir wëssen ob wien mir ënne waarde mussen éier mir zesummen erop ginn. Denkt och drun iech fir de Camp bis den 01.02.2023 beim Claire Zwick per SMS (691309108) unzemellen. Dono ass Fuesvakanz do hunn mir keng Versammlung dofir ass awer den 25. Februar eis traditionellt Buergbrennen an den 03. a 04. Mäerz spille mir dann all zesummen Theater. Loosst Iech déi Eventer net entgoen. Liest dowéinst och bei “Fir Iech alleguer”

Weekend am Mäerz:

Wéini: 17. – 19.03.2023

Wou: Monnerech

Präis: 35 Euro fir dat eicht Kand an 30 Euro fir dat zweet Kand

Wann dir aus finanzielle Grënn net kennt mat ob de Weekend oder Camp goe mellt Iech beim Claire Zwick mir fannen dann zesummen eng Léisung.

Umellen: Bis de 17.02.2023 beim Claire Zwick (691309108)

Wann äert Kand mat ob de Camp well, da muss et och mat ob de Weekend.

Datum Elteren-Informatioun: 28.01.2023 um 16.00 beim Chalet (Weekend a Camp)

Fir d’Wëllefcher

De 28 Januar an de 04 Februar ass normal Versammlung um Bierg vu 14-16h , mir bereeden eis do schonn op den Theater fir. Dono ass Fuesvakanz do hunn mir keng Versammlung, dofir ass awer den 25. Februar eis traditionellt Buergbrennen an den 03. a 04. Mäerz spillen mir dann all zesummen Theater. Loosst Iech déi Eventer net entgoen. Liest dowéinst och bei “Fir Iech alleguer”

Fir d’Avex

Mir si frou dat dir alleguer gesond a monter aus de Schivakanzen zréck sidd. Den 28 Januar an de 04 Februar ass normal Versammlung um Bierg vu 14-16h. Dono ass Fuesvakanz do hunn mir keng Versammlung, dofir ass awer den 25. Februar eis traditionellt Buergbrennen an den 03. a 04. Mäerz spille mir dann all zesummen Theater. Loosst Iech déi Eventer net entgoen. Liest dowéinst och bei “Fir Iech alleguer”

Fir d’CaraPio

Den 28 Januar a 4 Februar fält Versammlung leider aus. Dono ass Fuesvakanz do hunn mir keng Versammlung, dofir ass awer den 25. Februar eis traditionellt Buergbrennen an den 03. a 04. Mäerz spille mir dann all zesummen Theater. Loosst Iech déi Eventer net entgoen. Liest dowéinst och bei “Fir Iech alleguer”

Fir d’RaRo

De 28 Januar an de 04 Februar ass normal Versammlung, duerno ass Fuesvakanz. Mir hëllefen de Samschden 11 Februar um 14h fir d’Bühn am Home opzeriichten. Den 18 Februar siche mer eis en schéine Bam fir d’Buergbrennen a maache Fäschen. Mir fänken em 10h moies un, iesse mëttes eppes zesummen a maache weider bis mer genuch Material hunn fir e schéint Feierchen. Vergiesst är Schaffhändschen net.

Fir d’Albatrossen

Di nächst Albatrossversammlung ass de 17 Februar. Mir treffen eis um 20h beim Chalet  de Rescht ass nach eng Iwwerraschung. Kuckt och bei „ Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschde 04.02 ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Kommt a maacht mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)

Samschdes den 18. 02 siche mer eis en schéine Bam fir d’Buergbrennen a maache Fäschen. Mir fänken em 10h moies un, iesse mëttes eppes zesummen a maache weider bis mer genuch Material hunn fir e schéint Feierchen. Vergiesst är Schaffhändschen net.

De Samschdes de 25.02 riichte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet. Matbréngen: Schaffhändschen, Tupperware fir wann dir nach Ravi wëllt mat heem huelen a gutt Laun

De 03 a 04. 03 ass den Theater. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrénks, sou  ewéi em d’ofriichten. R.d.v vu  17°° un am Home.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top