Infoziedel Mäerz 2023

Fir Iech alleguer

Buergbrennen an Theater:
E grousse Merci un alleguer déi gehollef hunn dëst flott Event ze organiséieren an déi eis ënnerstëtzt hunn, andeems si kucke komm sinn. Villmools Merci dir waart super!

Fir d’Biber

Nächste Freiden ass et esou weit. Mir ginn zesummen ob de Weekend. Hei all déi wichteg Detailer:

  • Start: 03.2023 um 17h30 beim Chalet um Paffenheck Monnerech (115 Rue de Pontpierre, L-3940 Mondercange)
  • Präis: 35 € D’ Sue soll dir einfach Cash en Freide matbréngen
  • Mathuelen: Dir fannt en zousätzlecht Dokument bei dësem Bréif wou dra steet wat dir fir de Weekend braucht.Denkt un är Fiche Médicale!
  • Schluss: 03.2023 um 11h30 och erëm beim Chalet Paffenheck

 D’ Lyn de Charel an ech freeën eis ob en flotte Weekend mat iech.

Den 25. Mäerz huele mir zesumme mat de Wëllefcher an den AvEx un der Fréijoersbotz vun der Gemeng deel. En mol am Joer hëllefe mir esou eise Bësch schéi propper ze halen. Dofir treffe mir eis schonn Moies um 9:00 bei “a Rousen” Place du marché zu Péiteng, beim Policebüro. Do kréie mir eist Material a ginn dann zesummen erop de Bësch botzen. Um 12:00 si mir da bei den Atelier communaux an der rue de linger wou mir um 12:30 zesummen Ietsenbulli iessen. Dir kennt äert Kand um 13:15 dann dohin siche kommen. Denkt drun iech bis Freides Owes beim Claire (691309108) ofzemelle wann dir net an d’ Versammlung kommt, fir dat mir wëssen ob wien mir ënne waarde mussen éier mir zesummen erop ginn. Dono ass Ouschtervakanz do hunn mir keng Versammlungen (01.04, 08.04. & 15.04) Mir wënschen ärer ganzer Famill schéin Ouschteren!

Fir d’Wëllefcher

Nächsten Samschden den 18.03 hunn mir normal Versammlung vu 14h-16h um Prënzebierg. De Weekend drop de 25.03 maache mir zesumme mat de Biber an den Avex bei der Fréijoersbotz mat fir eise Bësch propper ze halen. Dofir treffe mir eis schonn Moies um 9:00 bei “a Rousen” Place du marché zu Péiteng, beim Policebüro. Do kréie mir eist Material a ginn dann zesummen erop de Bësch botzen. Um 12:00 si mir da bei den Atelier communaux an der rue de linger wou mir um 12:30 zesummen Ietsenbulli iessen. Dir kennt äert Kand um 13:15 dann dohin siche kommen.

De Weekend drop den 1 Abrëll gi mir op de Wëllef-Weekend an dat ass keen Abrëllsgeck. Dofir ass et wichteg dat dir Iech elo beim Alex (691 177 773) umellt. Hei e puer Eckdaten:

  • Ufank de Samschden 1 Abrëll um 15h Auer beim Chalet AGGL Colpach-Bas (Chalet« Rëschweier ») (22, rue d‘Ell L – 8526, Colpach – Bas).
  • Präis 30 € ( cash op der Platz bezuelen).
  • Schluss vum Weekend de Sonnden 2. Abrëll um 15h beim Chalet AGGL.
  • Mathuelen: ee Rucksak, Schlofsak, Bidon, Täscheluucht an Täschemesser, Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Wäschsaachen (Kämmbiischt, Zännbiischt, Zahnpasta,Seef…), Kleeder fir 2 Deeg (si solle waarm sinn an och géint de Reen), Biergschong, Schlappen, Spullduch. Dir braucht eng Fiche Medicale. Eng Kopie vun der Carte d‘identité an der Impfkaart. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen.
  • Falls dir nach Platz am Auto hutt fir aner Kanner matzehuelen oder dir selwer net fuere kennt sot am beschte beim Umelle Bescheed.

De Rescht vun der Ouschtervakanz den den 8.04 an de 15.04 sinn keng Versammlungen. Mir wënschen Iech schéin Ouschteren.  

Fir d’Avex

Nächsten Samschden den 18.03 hunn mir normal Versammlung vu 14h-16h um Prënzebierg. De Weekend drop den 25.03 maache mir zesumme mat de Biber an den Avex bei der Fréijoersbotz mat fir eise Bësch propper ze halen. Dofir treffe mir eis schonn Moies um 9:00 bei “a Rousen” Place du marché zu Peiteng, beim Policebüro. Do kréie mir eist Material a ginn dann zesummen erop de Bësch botzen. Um 12:00 si mir da bei den Atelier communaux an der rue de linger wou mir um 12:30 zesummen Ierbsebulli iessen. Dir kennt äert Kand um 13:15 dann dohin siche kommen. Dono ass Ouschtervakanz do hunn mir keng Versammlungen (01.04, 08.04. & 15.04) Mir wënschen ärer ganzer Famill schéin Ouschteren.

Fir d’CaraPio

Den Samschden den 18.03 ass normal Versammlung um Prënzebierg vu 14h-16h. De 25. 03 treffe mer eis um 14h um Bierg a fueren da bei d’Renée op Duelem vir am Keramik ze schaffen. Neiegkeete fir déi, di sech fir den Showdown (27-29 Mee) gemellt hunn fir der Stad eng Lektioun ze erdeelen. Si sollen bis de 15 Mäerz 80 € op de Konto vum Grupp ( IBAN LU67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk „Showdown + Numm vum Jonken“) iwwerweisen. Dono ass Ouschtervakanz do hunn mir keng Versammlungen (01.04, 08.04. & 15.04) Mir wënschen ärer ganzer Famill schéin Ouschteren.

Fir d’RaRo

Den 18. Mäerz hunn mer leider keng Versammlung.  Den 25 Mäerz hunn mir normal Versammlung um Prënzebierg. Mir plangen deemnächst erëm en „Kraider-Tour“ an halen Iech do um Lafenden. Kuckt och bei „ Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’Albatrossen

Di nächst Albatrossversammlung ass de 17 Mäerz. Mir treffen eis um 20h beim Chalet  de Rescht ass nach eng Iwwerraschung. Kuckt och bei „ Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’Chefs

Den nächsten Grupperot as den Mettwoch 15 Mäerz um 20h am Chalet.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 1 Abrëll ass Pabeiersammlung an och daat ass keen Witz ?. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Elo schonns e decke Merci fir deng Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top