Infoziedel bis d'Päischtvakanz 2023

Fir d’Biber

Den 13. an 20. Mee hunn mir wei gewinnt Versammlung vu 14.00 bis 16.00 Auer um Prënzebierg. Mir gi wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also am beschte géint 13.45 – 13.50 ënne bei d’ Eucosider. Denkt wéi ëmmer drun iech dem Wieder no unzedoen. An mellt Iech och w.e.g. bis Freides Owes beim Claire Zwick (691309108) of wann dir net kommt. Et ass leider ëmmer rëm virkomm, dat mir ënnen ob Kanner gewaart hunn déi net komm sinn. Sou verléiere mir vill Zéit vun eiser eigentlecher Versammlung. De 27ten Mee an den 3 Juni as keng Versammlung well do Schoulvakanz ass.

Fir d’Wëllefcher

Den 13 Mee ass klassesch Versammlung mat diverse Minispiller géint d’Chef um Prënzebierg vu 14h-16h. Den 20 Mee hunn mir eng gemeinsam Versammlung mat de Biber och vu 14h-16h um Prënzebierg. De 27ten Mee an den 3 Juni ass keng Versammlung well do Schoulvakanz ass.

Fir d’Avex

Mir hunn den 13 an den 20 Mee normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. De 27ten Mee an den 3 Juni ass keng Versammlung well do Schoulvakanz ass.

Fir d’CaraPio

Mir hunn den 13 an den 20 Mee normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Den 20-21 Mee ass och Schaffweekend am Chalet, wou dir häerzlech ageluede sidd matzehëllefen. Weider Infoe stinn ënne bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter „. De 27ten Mee an den 3 Juni ass keng Versammlung well do Schoulvakanz ass.

Fir d’RaRo

Den Samschden 13 Mee as keng Versammlung. Den 20 Mee as normal Versammlung wou mer beim Schaffweekend mathëllefen . Fir wieder Infoe liest ënnen bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter „.Den 27ten Mee an den 3 Juni ass keng Versammlung well do Schoulvakanz ass.

Fir d’Albatrossen

Den 20-21 Mee hunn mer en Schaffweekend geplangt fir de Chalet mol erëm bëssi op Vordermann ze bréngen. Liest dofir bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter „ Di nächst Versammlung ass duerfir erréicht Freides de 26 Mee um 20h. De Ben organiséiert eis déi Versammlung, wieder Infoe kommen no.

Fir d’Chef

Fir an de Kalenner: Den nächste Grupperot ass Mëttwoch 07.06 um 20h am Chalet. Fir de Schaffweekend den 20-21 Mee liest wieder ënnen.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Är Hëllef ass gefrot fir den 20-21 Mee bei eisem Schaffweekend wou mer eise Chalet erëm chic wëlle maachen, eis Zelter op de Camping virbereeden , an eis Garage schéin araumen. Jojo Fréijoersbotz muss och sinn.

De Weekend fänkt Samschdes den 20 Mee um 10h un , mir iessen zesumme fir Mëttes. Um 14-16h kommen eis jonk Memberen eis hëllefen , duerno schaffe mer nach wieder bis d’Owesiessen an hunn duerno e gesellegen Owend beim Feier. Déi, di wëlle kënnen am Chalet schlofen.  Sonndes den 21 Mee geet et moies géint 8h erëm wieder bis d’Mëttesiessen. Et muss een net de ganze Weekend do sinn, sot just bei der Umeldung Bescheed. Umelle kennt dir Iech bis den 18.Mee beim Fränz (691 942 484). Dëst ass wichteg fir dat mir d’Iessen besser plange kennen. Matbréngen: Motivatioun, gutt Laun, Schaffhändschen an alles wat dir braucht fir am Chalet ze iwwernuechten.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top