Scout fir 1 Dag

Mat der Schoulrentrée fänkt och dat neit Scoutsjoer un. Esou hunn  sflyerd’Guiden a Scoute vum Péitenger Grupp Hl. Franz vun Assisi viru kuerzem op der Gemengeplaz gewise, wat Grouss a Kleng bei hinne kënnen erliewen. A flotten Atelieren gouf fläisseg geschafft: Portemonnaien aus recycléiertem Material, Brandstempel oder hëlzen Dillendäpp konnt een hei bastelen. Am Park gouf et eng Rei Geschécklechkeetsspiller an och méi abenteuerleches. Et huet geheescht queesch iwwer eng “Afebréck” aus Seeler ze goen oder sech vun der Seelbunn ze schwéngen. Vill hunn och hire Gläichgewiichtssënn bewisen a sinn en Tuerm aus Kajoen erop geklommen. No all der Ustrengung konnt ee sech dann nach verwinne loossen, mat enger gudder Taass Téi vun der selwer gebauter Kichen, oder enger Banann mat geschmoltem Schokla aus der Glous vum Lagerfeier. Lecker!

D’Péitenger Guiden a Scouten begréisse Kanner a Jonker ab dem 2. Cycle bis 23 Joer Samschdes vu 14-16 Auer um Prënzebierg.

no images were found

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top