Infoziedel Mäerz-Abrëll 2019

Fir d’Biber :

Fir dat mir eng richteg Famill kenne si brauche mir een Ënnerdaach.. dir wëllt wësse wat mir domadder mengen? Ma da kommt den 23.03 an den 30.03 vu 14-16h op de Prenzebierg luusse :). An der Ouschtervakanz vum 6.04 bis den 22.04 ass keng Versammlung.

Fir d’Wëllef :

De Samschden 23. Mäerz ass eng ganz klassesch Versammlung vun 14h00 bis 16h00 um Prënzenbierg. Dofir hunn mir awer déi Woch dono den 30. Mäerz eppes méi Grousses fir, kommt also a Versammlung vun 14-16h op de Prënzebierg kucken. An der Ouschtervakanz vum 6.04 bis den 22.04 ass keng Versammlung.

Fir d’Avex :

Samschdes, den 23.03 hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg, zesumme mat eisen AvEx-Frënn vu Käerjeng an Déifferdeng, mat deene mir och op de Camp ginn. Fir des Versammlung wier et gutt, wann déi AvEx, déi en Trockner doheem hunn, keimen d’Fussellen aus dem Trockner mat an d’Versammlung bréngen.

Samschdes, den 30.03 hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Weekend Infos: ab elo bis den 13.04 kennt der iech fir eise Weekend umellen, beim Fredi per SMS (621 472 510). Detailer kommen no.

Camp Infos: Mir ginn dëst Joer an Holland op de Camp. De Camp wäert 250€ kaschten. Well d’Chef sech mussen ëm Reservatiounen an Transport këmmere froe mer en éischten Acompte vun 100€ bis den 04.05. LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 // Mentioun “Holland 1 [Numm vum AvEx]” . Nëmmen doduerch sidd dir ugemellt. Detailer kommen no.

Fir d’Carapio :

Mir treffen eis de Samschden de 23. Mäerz an den 30. Mäerz vu 14-16:00 um Prënzebierg. Mir schaffen un eisem neie Projet ; eisem Hochbeet. Ditt w.e.g. fest Schong un a Schaffhändsche sinn och net schlecht. Wärend der Ouschtervakanz ass keng Versammlung, awer den 13. Abrëll ass Pabeiersammlung wou mer op iech zielen! Kuckt och bei „ Fir d’Carapio, RaRo,Albatrossen,….“.

Fir d’RaRo : 

Merci fir äert Engagement um Theater. De Samschden 23.03 fält Versammlung leider aus. De Weekend drop den 30 .03 ass da wie gewinnt Versammlung vu 16-18h um Bierg. Wärend der Ouschtervakanz ass keng Versammlung, awer den 13. Abrëll ass Pabeiersammlung wou mer op iech zielen! Kuckt och bei „ Fir d’Carapio, RaRo,Albatrossen,….“.

Fir d’Albatrossen:

De Freiden 29.03 treffe mir eis um 19:30h ënne bei der Eucosider. Fir dass mer um Punkt 20h mat eiser Versammlung an der Kloterhaal zu Zolwer ufänke kennen. Ditt Iech also sportlech un. Kuckt virun allem awer och ënnert „Fir d’Carapio, RaRo,Albatrossen,….“.

 Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 13 Abrëll ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op dem ale Site vun der Eucosider. Elo schonns Merci fir Deng Hëllef!

Schaff-WE:

D’Fréijoer fänkt un, an och mir bräichten eng kleng Fréijoersbotz ronderëm de Chalet. Duerfir maache mer de Weekend vum 13-14 Abrëll e puer noutwendeg Maintenance-Aarbechten um Bierg. De Weekend fänkt direkt no der Pabeiersammlung um 16h un an geet bis Sonndes nomëttes.

Mëllt Iech w.e.g. bis den 10.04 beim Claire (621 68 39 99) un fir dat mer d’Iessen plange kennen. Matbréngen: Motivatioun, Schaffhändschen a Schlofsak fir am Chalet ze pennen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top