PROGRAMM VUN DER GUILDE: Abrëll 2019

Sam. 13.04.: Pabeiersammlung

Rendez-vous um 8:30h um fréiere Site Eucosider. All Hëllef ass wëllkomm.

Dën. 16.04.: Keelenowend am Café Müller zu Lampech.

Uspill um 20:00h

Sam. 27.04.: Generalversammlung am Chalet um Bierg.

Ufank um 19:00h

Ordre du jour:

1. Usprooch vum President

2. Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin

3. Keessrapport vum Trésorier

4. Rapport vun de Keess-Kontroller

5. Zoustëmmung vun de Rapporten an Décharge vum Comité

6. Wale fir de Comité a Confirmatioun vun de Keesskontroller Austriedend an erëmwielbar sinn: Felten Lex, Martin Arny, Peiffer Carlo . Weider Kandidature gi vum President entgéintgeholl.

7. Festleeë vun der Cotisatioun 2020

8. Aktivéitsrapport vun der Gruppecheftaine

9. Aktivitéite vun der FLGS (Fréier Lëtzebuerger Guiden a Scouten)

10.Rapport vun der Equipe “Kuelbecherhaff”

11. Zoukënfteg Aktivitéiten

12.Divers

13.Agape (Pizza “fait maison”, och vegetaresch) offréiert vum Caissier Umeldung bis Dënsch., 23.04. um 12:00h beim Martine Schlottert, Tel. 50 32 71; GSM 621 414 040 oder Mail didier.martine@education.lu

Persounen, déi Problemer hu fir op de Prënzebierg ze kommen, sollen dat bei der Umeldung uginn. Mir organiséieren den Tranport.

Méin. 29.04.: Comité am Home um 20:00h

Mëtt. 1.05.: Gedenkzeremonie um Neiheisgen

mat Mass, Planze vun engem Bam an Apéritif. Ufank: 10:00h

Sam. 4.05.: Sortie an d’Éislék.

Transfert mat Privatautoen

Rendez-vous A: 8:00h hannert “a Rousen”zu Péiteng.

Rendez-vous B: 9:30 um 3-Länner-Eck tëscht Léiler an Ouren

Zu Fouss bei d’Kaalbermillen = 4 km

11:00h: Visite guidée vun der Flosspärelziichterei. Wie wëlt an d’Our goen, muss Gummis-Stiwele matbréngen.

12:30h: Mëttegiessen à la carte am Resto “Cornelyshaff” zu Hengescht.

Nomëttes Geleeënheet fir ronderëm de Wampecher Séi ze spazéieren.

Umeldung an Info: bis Dënschdes 30.04. beim Marco Quintus Tel. 39 76 07 ; GSM 621 346 812 ; Mail: marco.quintus5@gmail.com

Sam. 18.05.: Informatiounsversammlung fir d’Participanten vun eiser Rees op Kandersteg, um 17:00h, doheem beim Marco Quintus, 12 D, rue de Steinfort, Koerich

Fir an den Agenda

Keelenowenter 2019: 8/05.; 12/06.; 8/10.; 19/11.; 4/12

Pabeiersammlungen 2019: 11/05.; 8/06.; 6/07.; 3/08.; 7/09 / 5.10. / 9.11. / 7.12.

Ausfluch op Kandersteg: 7. – 10/06/2019 (Keng Umeldunge méi méiglech)

Kiermes zu Bilschdrëf: 16/06/2019

Grillfest um Kuelbecherhaff: 14/07/19

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top