Infoziedel bis d'Chrëschtvakanz 2019

Dëst ass den lëschten Infoziedel fir d‘Joer 2019. Déi ganz Cheféquipe wënscht Iech an ärer Famill schéin Feierdeeg an en gudden Rutsch an dat neit Joer!

Fir Iech alleguer :

  • leschten Rappel : Cotisatiounen

Nëmmen duerch d’bezuele vun der Cotisatioun ass äert Kand bei de Scoute verséchert. Fir déi di et nach net gemaach hunn, iwwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15€ fir dat eelst Kand an 12€ fir déi aner Kanner op eise Konto : LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000, mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

  • Friddensliicht-Feier

Samschdes den 21. Dezember verdeelen d’Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Bei dëser Feier kritt jidderee symbolesch de Fridden a Form vun enger Käerz mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees  weider ze verdeelen. Mir hunn deen Samschden keng Versammlung um Prënzebierg, mee mir treffen eis, an Uniform, um 17:00 zu Péiteng an der Kirch fir d‘Virowendmass. No der Mass verdeelen mer dann d’Liicht. Äer Elteren, Geschwëster, Familijenmemberen an Bekannten sin häerzlech wëllkomm fir dëse méi besënnleche Moment mat eis ze feieren.

Fir d’Biber :

Ho Ho Ho Biber, hei ass de leschte Bréif ier en neit Joer ugeet! Den 7 Dezember hunn mir vun 14-16h eng normal Versammlung um Prënzebierg. Den 14 Dezember ass eng, méi laang! „ special Edition Versammlung“ vu 14-17h um Prënzebierg. Et wier keng „special Edition“ wann et net eppes Extraes géif gi: also bréngt alleguer ee klenge Kaddo mat , entweder selwer gebastelt oder kaaft, (am Wäert vun max 5€) . Dat ass fir engem anere Biber eng kleng Freed virun de Chrëschtdeeg ze maachen. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir d’Wëllef :

Den 7 Dezember maache mir eng After-Kleeserchersfeier vun 14-16h um Prënzebierg. Bréngt dofir alleguerten ee klenge Kaddo, am beschte selwer gemaach, an net méi deier wei 5€ mat. De Samschden drop den 14 Dezember hu mir normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Ditt Iech ganz waarm un et ass kal dobaussen. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir d’Avex :

Samschdes, den 7.12, hunn mer normal Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg.  Samschdes, den 14.12, ass eis Chrëschtdags-Versammlung. Déi Versammlung dauert vun 14-17h!. Bréngt all eng Chrëschtdaagsboule fir op de Beemchen an ee Kaddo (net méi wie 5€, am beschte selwer gemaach) mat. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir d’Carapio :
Samschden de 7. Dezember an de 14 Dezember gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir schaffe wieder un eiser Seefekëscht a fänken och mam Theater un.

Fir d’RaRo:

Den 7.12 ass normal Versammlung vun 16-18h. De Weekend drop den 14-15 Dezember ass eis RaRo-Alba-Montée. Dat geet vu Samschdes 16:30 bis Sonndes 14h. Vergiesst net är Carrymatt, Schlofsak a Gamelle. Fir de Ravi ass gesuergt. Mellt Iech w.e.g beim Christelle (691 93 06 41) un. Fir den 21.12 kuckt bei „ Fir Iech alleguer“.

Fir d’Albatrossen:

De Weekend vum 14-15 Dezember fënnt eisen RaRo-Alba-Montéesweekend statt. Mir treffen eis de Samschden um 16:30h um Prënzebierg an trëppele vun do aus op eis Schlofplaz. De Weekend ass Sonndes géint 14h eriwwer. Vergiesst net eng Carrymatt, Schlofsak an eng Gamelle matzebréngen. Fir de Ravi ass gesuergt. Mellt Iech w.e.g. beim Christelle un. Den 20ten Dezember treffe mir eis um 20h beim Christelle doheem fir eis Tâchë fir d’Wanteraktioun opzedeelen. Vum 21ten bis de 27ten Dezember hëllefe mer da bei der Wanteraktioun vun der Croix Rouge. Fir den 21.12 kuckt bei „ Fir Iech alleguer“ a vergiesst net Iech beim Martine (um 621 414 040 bis de 14.12) fir d’Veillée mat Träipefriess vun der Guilde no der Friddensliichtfeier unzemellen. 

Fir all d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Matarbechter, Chef a Guildememberen

Den 7. Dezember ass Pabeiersammlung. Um 8h30 ass Rdv op dem ale Site vun der Eucosider. Gëff dengem Häerz e Stouss a pack eng oder zwou Hänn mat un J MERCI

Fir d‘Chef

Den nächsten Grupperoot as den 19 Dezember um 20h um Prënzebierg.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top