Infoziedel fir Buergbrennen an Theater 2020

Fir Iech alleguer :

Invitatioun fir d’Buergbrennen den 29 Februar:

Mir invitéieren Iech alleguer mat äre Famillen, Frënn, Noperen, Bomie …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen.

Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 29 Februar. De Fakelzuch geet um 18:30 Auer ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaangen. Jidderee wou beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.

Scoutstheater

Den Weekend drop, den 06. an den 07. Mäerz spille mer Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Et gëtt gespillt :

Biber: D‘Biberzaubershow

Wëllefcher: Na Sie Penn’n Ja

AvEx: Action an der Schoul

CaraPio: La chasse au porc

D’Cheféquipe an Mataarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Josy Christen: Kuddel-Muddel

De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am grousse Sall sinn.) De Preis ass 10 Euro fir Erwuessener a 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed. Dir kennt Är Platzen, elo um 621 814 883 (Elsen) ëmmer no 18 Auer reservéieren.

P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!

Fir d’Biber :

No der Vakanz hunn mer den 29.02 Buergbrennen (kuckt bei „Fir Iech alleguer“); mir si vun 15°° un um Bierg, a bleiwen do bis d’Buerg brennt.
Denkt weider un eis Prouwen: den 10.02, 12.02, 24.02, 26.02, 02.03 an de 04.03 vun 16:30-18h zu Péiteng am Home St. Hubert. Eisen Theater ass dann de 6-7.03: di jonk Actricen/Acteure sollen um 19h am Home si fir sech kennen unzedoen/schminken.
De 14.03 hunn mir normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Ofgesot.

Fir d’Wëllef :

No der Vakanz hunn mer den 29.02 Buergbrennen; mir si vun 15°° un um Bierg, a bleiwen do bis d’Buerg brennt.
Eis nächst Prouwen sinn den 11.02, 13.02, 25.02 , 03.03, 05.03 vun 18:45 bis 19:45 am Home St. Hubert zu Péiteng. De 6 a 7.03 ass dann endlech eisen Theaterowend. Di jonk Actricen/Acteure sollen um 19h am Home si fir sech kennen unzedoen/schminken. Kuckt och bei „Fir Iech alleguer“.
Den 14. 03 hunn mer erëm normal Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg. Ofgesot.

Fir d’Avex :

Den 29.02 ass Buergbrennen, do gesi mer eis um 15:00 um Bierg, a mir bleiwen do bis d’Buerg brennt.
Den 6.03 an de 7.03 ass Theater, d’AvEx déi matspille sollen um 19:00 am grousse Sall sinn. Déi aner kennen awer roueg kucke kommen. Fir dass dat och eppes gëtt, prouwe mir den de 25.02 / 28.02 / 3.03 / 5.03 am Home St. Hubert zu Péiteng, all kéiers vu 17:00-18:30.
Samschdes de 14.03 hu mer normal Versammlung vu 14:00-16:00. Ofgesot.

Fir d’Carapio :

28.2.: An de Pause vum Theater verkafe mer béid Deeg Kuch a Kichelcher fir kënnen de Präis vum Summer Camp ze drécken. Sot dem Gilles bis den 28. Februar wat der wëllt bake fir dass mer net e puer mol dat selwecht hunn.

29.2.: Mir gesinn eis um 9:00 um Prënzebierg fir beim Opriichte vun der Buerg ze hëllefen.* Mëttes gëtt et eppes z’iessen an Owes maache mer mat beim Programm vum Buergbrennen.

2.3.: Umeldeschluss fir den Iron Scout 2020. Den Iron Scout ass zu Klierf vum 17.4. Owes bis den 19.4. Mëttes (de leschte Weekend vun der Ouschtervakanz). Mir wanderen 65km ronderëm Klierf a 24 Stonnen. En Trailer fannt der hei: lgspeiteng.lu/3636 . Dat ganzt ass fir e gudden Zweck: mir ënnerstëtzen d’Odysseë vun de RaRo. Dir kritt en Dokument fir Sponsoren ze sichen an enger vun den nächste Versammlungen. Fir dass mir eise Grupp kënnen umellen (d’Plaze si begrenzt), maacht e Virement bis den 2. März:

LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
30€

Vermierk: Iron Scout [Numm vum CaraPio]

Detailer zum Transport an Material kommen an engem spéideren Scoutsziedel.

6. & 7.3.: Fir den Theater (http://lgspeiteng.lu/8685) hëllefe mer ab 17:00 beim Opriichten.* Wee mat am CaraPio Stéck „Chasse au porc“ spillt muss spéitstens um 19:00 do sinn.

14.3.: Mir gesinn eis moies fir d’Pabeiersammlung* an um 14:00 fir eis Versammlung um Prënzebierg. Ofgesot.

*Kuckt ënne bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter“

Fir d’RaRo :

De 15.02 ass Pabeiersammlung. De 29.02 ass Buergbrennen. Di Woch drop , den 6 an 7 .03 ass Theater. Kuckt do bei Fir d’CaraPio, RaRo,…“ a kommt hëllefen. Den 14.03 ass moies Pabeiersammlung an mëttes Versammlung vun 16.15-18:15. Ofgesot.

Fir d’Albatrossen

Fir Buergbrennen an Theater kuckt bei „ Fir d’CaraPio,….“. Den 21.02 hunn mer Versammlung um 20h um Prënzebierg. Loosst Iech vum Ben iwwerraschen. Den 20.03 ass Albatrossentreff zu Klierf . Mir maache Fuergemeinschafte fir dohin. Wieder Infoe kommen no.

 Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschdes den 29.02 riichte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet. Matbréngen: Schaffhändschen a gutt Laun 🙂

De 06 a 07. 03 ass den Theater. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrénks, sou ewéi em d’ofriichten. R.dv vu 17°° un am Home.

De Samschde 15.02 a 14.03 ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Kommt a maacht mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)

Fir d‘Chef

De Mëttwoch 12.02 ass Grupperoot um 20h am Avexsall.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top