Spläiteren mat enger Banann eraushuelen

Bananne
Photo vum *clairity*

Dëst as den éischten Artikel aus enger Série vu Scoutstricken déi mer wëllen op d’Bee stellen. Wann mer genuch Material zesumme kréien, kënne mer regelméisseg flott Scoutstricker hei um Site firstellen. Wanns du ee gudden Trick oder Knëff kenns, so eis et iwwert den Kontakt Formular. Hei as dann eisen éischten Trick:

Eng Bananneschuel kéint hëllefen géint Spläiteren déi net sou richteg wëllen erauskommen. D’Enzymer an der Schuel hëllefen fir d’Spläiter lass ze kréien an fir dass d’Wonn méi séier heelt. Einfach e Stéck Bananneschuel iwwer d’Plaatz peschen a waarden. Dat selwecht hëlleft och géint d’Jucke vun Insektestëch. An der kënnt d’Schuel souguer huelen fir är Schung ze poléieren!

7 Ways to reuse a Banana Peel [re-nest] via Lifehacker.

Hues de dat schon eemol probéiert? Oder kenns du soss nach Manéieren fir Spläiteren eraus ze kréien? So eis et a schreiw e Kommentar bei dësen Trick!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top