Infoziedel Juni 2019

Fir d’Biber :

Léif Biber, den 08/06 hunn mir normal Versammlung vun 14H00 bis 16H00 um Prënzebierg. De Samschden 15/06 maache mir een Dagesausfluch an d‘ Badeparadies Calypso zu Saarbrécken (Deutschmühlental 7, 66117 Saarbrücken, Allemagne). Den Départ ass mueres um 9h00 um Parking beim Ale Pompjeesbau (1 Rue de la Chiers, 4720 Pétange). Mathuelen:

– Kannersëtz

– Maillot/ Schwammbox (déi enk Schwammbox, déi weit sinn net erlaabt)

–  Ärmecher (Obligatoresch)

– Duch

– Seef fir ze wäschen

– frësch Ënneschtbox

– 1 Fläsch Waasser

– Picknick fir Mëttes

Accord Parental vun der Gemeng (obligatoresch! soss kenne mir d‘Kand net mathuelen!!)

– Kopie vun der carte d’identité a vun der carte de sécurité sociale 

Den Retour ass dann um 18H00 op der selwechter Platz wei den Départ. Fir wou et nach net gemaach hunn:mëllt är Kanner w.e.g beim Anna (621754360) bis spéitstens de 7/06/2019 un oder of, wéinst den Autosplazen. Déi Kanner wou net ugemellt sinn oder keen Accord Parentale dobäi hunn, kenne leider net matgeholl ginn.

Fir d’Wëllef :

No der Vakanz hutt dir bestëmmt genuch Energie fir den 8. Juni an den 15. Juni an der Versammlung vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg eng lass ze rappen! Mir freeën eis op Iech.  

Fir d’Avex :

Samschdes den 8.06 hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00. De Samschden drop, den de 15.06 maache mer e klengen Treppeltuer vu Péiteng op Rodange fir Kaart a Kompass ze üben. Rdv ass um 14:00 bei eisem Chalet um Prënzebierg. Schluss ass um 17:30 zu Rodange beim Scoutschalet (60, rue de la Minière / L-4839 Rodange). Matzehuelen ass: e Bidon Waasser, Reenjackett (falls et reent) a 5€ Täschegeld (well d’Rodanger Guiden a Scouten hunn Chalets-Fest).  

Zum Camp:  Bis den 21.06 ass de leschten Acompte vum Camp ze bezuelen (150€). 

LGS Péiteng, Grupp Hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 // Mentioun “Holland 2 [Numm vum AvEx]”. 

Fir d’Carapio :

Den 8. Juni hëllefe mer moies bei der Pabeiersammlung. Nomëttes hu mer vun 14:00-16:00 eis Versammlung. Den 15 Juni ass och normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Fir d’RaRo : 

De Samschden 8. Juni hu mir keng Versammlung wëll mer eis op d’Pabeiersammlung konzentréieren. Do ass de RDV um 8.30h ënne beim ale Site Ecosider. De Samschden 15. Juni hu mer erëm normal Versammlung um Prënzebierg.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 8 Juni ass Pabeiersammlung. De Rdv ass um 8:30h um ale Site vun der Ecosider, do wou och eis Container stinn! Wëll dëse Weekend vill aner Eventer stattfannen, ass et besonnesch wichteg dat’s DU dem Grupp hëllefe kënns. Villmools Merci fir däin Asaz.

Fir d’Chef :

Donneschdes , den 13 Juni ass Grupperot um 20h am beim Annick (rue Prënzebierg, Péiteng).

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top