Infoziedel Juli an August 2019

Fir Iech alleguer :
Dest ass de läschten Ziedel fir dest Scoutsjoer, duefir ass en och een extra groussen.
Ech wenschen Iech alleguer e flotte Camp an eng schéi Vakanz!
Ech profitéieren och vun der Geléenheet allen flaissegen Matarbechter an Chef e groussen Merci ze soen fir hieren Asaatz daat ganzt Joer iwer op den Pabeiersammlungen.
Duerch dest Akommes kennen d’Praisser fir d’Campinger an sozialen Mossen gehaalen gin.

Fir d’Biber :
Léif Biber, de Samschde 06.07 ass eis läscht Versammlung virum Camp. Mer hunn do normal Versammlung vu 14h00 bis 16h00 um Prënzebierg.
Eise Camp ass vum 15/07 bis den 18/07 zu Dikrech am Chalet“ Home Prince Jean“. RDV ass de 15/07 um 13h45 op der Péitenger Gare (den Zuch fiert um 14H15). Fir de Retour, sinn d’Eltere gebieden hier Kanner den 18/07 an de Chalet zu Dikrech (36, rue du Floss L-9232 Diekirch) géint 17h30 – 18h00 erofzehuelen. Fir déi déi et nach net gemaach hunn, mëllt äert Kand beim Anna (621754360) fir de Camp un , respektiv, of.
De Camp kascht 80 €, wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp matgi bezilt deen eelsten de volle Preis, déi aner 20€ manner.
Mathuelen : Verpaakt alles an engem Kuerf wou äert Kand nach packe soll:
• Fiche Médicale (ze fannen op lgs.peiteng.lu) mat de Suen an enger Enveloppe
• klenge Rucksak fir Ausflich
• Bidon, Täschemesser, Täscheluucht
• Schlofsak
• Kleeder fir all Wieder, Ënnerwäsch, Pyjama, Kway
• Wäschsaachen (Seef, Zännbiischt, etc.)
• Schwammsaachen + Ӓrmecher
• fest Schong, Schlappen
• Foulard an Uniform (wann der eng Uniform hutt)
• Eppes fir op de Kapp (Hutt, Kaap), Sonnecrème
Alles soll mam Numm vum Kand markeieret sin.

Fir d’Wëllef :
Dëst Scoutsjoer ass scho bal eriwwer an et geet gläich op de Summercamp. #Captain. Fir dass iech de Bal-Schluss net all ze schwéier fällt, hunn mir fir dëse Samschden 06.07 nach engkéier eppes méi Extraes geplangt. Mir treffen eis dofir schonn ‪um 14h00 zu Péiteng op der Gare. An si fir ‪18h20 erëm zréck. Dir braucht 4€ Entreesgeld an 10€ Täschegeld. Dir braucht Schwammsaachen, Sonnecrème an eppes ze drénken. Aaaah jooo… a wou geet et hin? Mir fueren an d‘Piko op Rodange. Mellt Iech w.e.g. dofir beim Claire (621 68 39 99) un.
Dann ass et sou weit, mir gi vum 15 bis den 21 Juli op de Summercamp zu Ahn( 14, rue de la résistance, L-5401 Ahn). Léif Eltere, bréngt w.e.g d‘Kanner fir 14h dohin. Am beschte wier et wann e puer Elteren och nach aner Kanner kéinte bréngen/mathuelen. #Fahrgemeinschaften
Mathuele musst dir ob de Camping ee grousse Rucksak mat:
– Kleeder fir waarmt, kaalt, an/ oder naasst Wieder
– frësch Ënnerwäsch fir all Daach,
– eng fett Fleecejackett, K-way + Box
– Schlofsak,
– Wäschsaachen, Buedduch, Schwammsaachen, (Äermercher fir déi déi sech nach bësse méi onsécher am Waasser fillen), Wasserschlappen,
– Lieblingsteddy an all aner Saachen déi dir braucht fir gutt ze schlofen,
– Pyjama, Kappkëssen
– klenge Rucksak
– Täscheluucht an Täschemesser,
– Foulard (fir déi déi schonn een hunn)
– Bidon,
– Kap oder Sonnenhutt,
– Sonnecrème an Insektenspray,
– Schlappe fir am Haus
– fest Biergschong fir dobaussen.
– An 2 Spulldicher… ja nerveg mee muss och gemaach ginn.
– Kopie vun der Impfkaart , carte sociale an carte d’identité
– ausgefëllten Fiche médicale (ze fannen um site lgspeiteng.lu/doc)
Et ass wichteg dass all är Saache mat ärem Numm gezeechent sinn! Net matbréngen: Wäert-saachen, Handy, Täschegeld a Séissegkeeten.
Enn vum Camping: Sonndes 21ten Juli um 15hoo. Mir invitéieren dofir all d’Elteren hier Kanner erëm sichen ze kommen ^^ a mat eis zesumme Mëttes fir den Ofschloss ze grillen. Fir Iessen a Gedrénks fir d‘Wellef ass gesuergt. D‘Eltere kennen sech hiert Gegrills matbréngen sou as och secher daat Richtegt derbäi.
De Camping kascht 150€ fir dat éischt Kand an 130€ fir dat 2te Kand. Falls Froen oder Schwieregkeete besti kennt dir gäre beim Alex ‪691 177 773 nofroe resp ärch umellen.

Fir d’Avex :
Salut AvEx, Samschdes, de 6.07 an den 13.07 ass Versammlung vu 14:00-16:00 Auer, mir bereeden eis op de Camping vir.
Camp-Infoe: Départ: Bréngt w.e.g. äert Kand de Samschdes, 20. Juli fir 6:00 Auer op d’Areler Gare. Dot w.e.g är Uniform an äre Foulard un wann der kommt! Retour: Dënschdes, 30.Juli sidd dir gebieden äert Kand fir 17:30 Auer op d’Areler Gare nees sichen ze kommen.
Matzebréngen den Dag vum Camp:
– Autorisation parentale
– Fiche médicale, déi ausgefëllt as
– Carte d’identité oder Pass
– Carte sécurité sociale
– Impfkaart
Opgepasst !! Et MUSSEN d’Original Dokumenter sinn, an wann een Dokument feelt, kënne mir äert Kand aus Aussurancengrënn net mathuelen. D’Chef sammelen déi Saachen och an, soudass se net verluer ginn.
Zur Autorisation Parentale: déi kritt een op der Gemeng, an där Gemeng wou dir wunnt. Hei déi Infoen, déi dir braucht fir dësen Ziedel ze kréien: Numm vum verantwortleche Chef: Frédéric Feller Platz wou mir higinn: Rotterdam/Holland Datum: 20.07.2019 – 30.07.2019
Weider Infoe: Nummere wou der d’Chef um Camp areeche kennt: Fredi 621 47 25 10 / Annick 691 30 99 28 W.E.G. just wärend den Iesszäiten uruffen an och just wann et wichteg ass. Materiallëscht:
WICHTEG: Markéiert är Saache virun allem d’Gamelle an d’Besteck, vill Leit hunn dat selwecht!
– Ënnerwäsch a Strëmp fir all Dag ze wiesselen
– Wanderschong (Am Beschten undoe fir dohin)
– Uniform + Foulard (Hu mir un wann mir ukommen)
– Normal Schong oder Turnschlappen
– Gezei fir all Wieder
– Sonnekap oder –hutt, Sonnecrème, Anti-Moustique Spray
– Wäschsaachen
– 3 Kichendicher
– Carrymatt a Schlofsak
– K-Way/Reenjackett
– Schwammsaachen (Schwammkap an eng enk Schwammbox!)
– Bidon (keen ze klengen), Becher a Gamelle mat Besteck
– Täscheluucht an Täschemesser
– AvEx Pass, wann der een hutt, Bic a Block
– e klengt Täschegeld (+/- 20€)
– klenge Rucksak – Pic-Nic
– Medikamenter falls der gebraucht ginn
– Waasserschlappen oder al Schong déi kennen naass ginn
– Perséinleches
– Oueren-stepp falls ee Problemer mat Geschnarchs huet
Wäertsaachen (z. B. Handy) a Séissegkeete sollen doheem bleiwen! Falls nach Infoen derbäi kommen, kritt dir déi per Mail vum Fredi.

Fir d’Carapio :
Salut Pio, eis läscht Versammlung de 06 Juli fält leider aus wëll kee vun de Chef kann do sinn. Mir wënschen Iech an ärer Famill elo schonns eng schéi Summervakanz.
Mee och an der Vakanz gëtt är Hëllef gebraucht, liest duerfir bei: Fir all d’CaraPio, d’RaRo,
d’Cheféquipe, d’Guilde an d’Matarbechter a maacht mat!

Fir d’RaRo an d‘Albatrossen
Mir hunn bis September keng Versammlung méi. Also gesi mer eis fir d’nächst fir de Camp (an natierlech virdrun op der Pabeiersammlung J ).
Treffpunkt de 24. August um 23 Auer beim Slice. Mir kommen de 4 September am spéiden Owend zréck.
Mathuelen:
Carrymatt, Schlofsak, 1 Zelt pro Grupp, Këssen, Pyjama, Kleedung fir all Wieder, Gamelle, Bidon, Täschemesser an Täscheluucht, Toilettenartikel, Kichendicher, Fest Schong, Wasserschlappen, Kap/Hutt, Sonnebrëll a Sonnecrème, Ersatzbrëll, Gesellschaftsspiller, Studenten/Schülerkaart, Täschegeld (an Leva ëmgewandelt), A ganz wichteg: carte d’identité, carte sociale, fiche médicale, evtl. autorisation parentale
Kuckt och bei „Fir d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Chef a Mataarbechter“.

Fir d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Chef a Matarbechter

Samschdes de 06 Juli, den 03. August an de 07 September: Pobeiersammlung. R.d.v. um 8.30 Auer zu Péiteng um ale Site vun der Ecosider. Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sinn ass et extra wichteg dass jidderee wou kann, och do ass. MERCI!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top