Category Archives: Neiegkeeten

Neiegkeeten rondrëm de Grupp oder iwwer d’Scouten am allgemengen déi net am Scoutziedel dran sin.

Mäi Kand umellen

Wann ärt Kand bei eise Versammlungen an Aktivitéiten wëll deelhuelen, ass et ganz einfach fir et un ze mellen. Kommt einfach an eng vun eise Versammlugen a schwätzt mat engem vun de Chef. Si erklären iech alles a soen iech wéi eng Altersbranche bei d’Kand oder de Jonke passt. Dozou kënnt der scho méi liesen am Deel Iwwert eis.

Wéini eis Versammlunge si gesidd der am Agenda. Déi éischt Versammlung fir d’Joër 2017-18 fir d’Branchen Biber, Wëllef, AvEx a CaraPio ass e Samgde 16. September vu 14:00-16:00. D’RaRo (17-23 Joër) gesi sech vu 16:15-18:30.
Mir treffen eis gewéinlech bei eisem Chalet an der rue Belle Vue zu Péiteng. Loost den Auto am léifsten ënne Stoen a kommt zu Fouss de Bierg erop.

Scout fir een Dag 2015

Wéi d’lescht Joer organiséieren d’Péitenger Guiden a Scouten och fir dëse Start an dat neit Scoutsjoer eng ganz Rei Aktivitéiten, Atelieren a Spiller fir Grouss a Kleng. Kommt a besicht eis de 26. September ab 15 Auer zu Péiteng bei der Gemengeplaz a maacht iech e Bild dovun wat mir alles ënnerhuelen. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

D’Péitenger Guiden a Scouten begréisse Kanner a Jonker ab dem 2. Cycle bis 23 Joer Samschdes vu 14-16 Auer um Prënzebierg.

Kuckt eis Fotoe vum Scout fir een Dag 2014:

RaRo Camp Holland

Hallo.

Den 2. Deel fier iwwerweisung steet firun der Dier:

Meiglechkeet 1 : am Juni 100 euro iwwerweisen an dann am Juli rem 100 euro
Meiglechkeet 2 : an enger keiner 200 euro iwwerweisen

rem op den Konto vum
Kim Staudt
Spuerkees
Vermierk: Numm + Raro
LU73 0019 1755 6262 5000

Dono muss der Suen mat op den Camp huelen (perseinlecht Täschegeld + den rescht deen ze bezuelen ass beim départ mat der fiche medicale ofgin!)

Den 26-28. Juni sin den Yannick an ech op der Plaatz . Fier dei die froen hun mat plaatz,holz,etc . scheckt se per mail op scouts-rock@hotmail.com