Category Archives: Wëllefcher

Ween naischt schafft, deen naischt brecht.

Hallööle.

Freijoer… , Summer… , dei eischt Blimmchen as schon rem an der Wiss. 😀

Yep eng vun deenen 4 beschten Joereszeiten as (gefillt) schon voll amgaang. Well mir Wellef eis am Summer vun eis beschter Seit wellen weisen, vun bannen wei och vun baussen… tadaaa… streichen mir desen  (15.03) an nächsten Weekend (22.03) eisen Chalet vun bannen bessen un. Pinselen an Fuerw brengen mir Chef mat, Kleeder dei dreckeg kennen gin doot dir am beschten schons doheem un.

Souvill zum Fleiss, wann daat gutt klappt, gett et natierlech och een Preis. Daat wär dann fir den 29ten März. Mir bidden Iech zwou Alternativen an Dir kennt dann wielen waat den Damen an den Härren am meeschten konveneiert.

mdfk, an gb, an hig,an lg, an waat mir Iech soss bach alles kennen wenschen.

Är Wellefchef 🙂

*mega decken fetten Kuss, gros bisous, hun iech gear, leiif Greiss

 

No news are good news – oder sou ähnlech

Sou dir leif Wëllefcher an Wëllefcherselteren,

Well mir Wëllefchef, subtil wei mir sin, eis mat Fotoen vun Aktiviteiten bis elo dezent nach zreck gehaal hun, werten mir daat ab ELO awer änneren ^^. VERSPRACH, heich an helleg! SCOUTSEIHRENWUERT – an daat heescht eppes!!

Zu eiser Verteidegung: Et muss een awer erwähnen dass et awer een omineisen USB Stick gouf an nach emmer gett, mat deem Elteren, milliounen an awer dausenden (iwerdriwen) Fotoen vun hieren Kanner an Aktion, kruten an oh NACH EMMER kennen kreien. (691 177 773)

Fir ebessen Drock obzebauen: Mir Chef setzen eis dofir an dass dir leiw Elteren ab elo (baal) monatlech hei ob deser Platz kennt nei Fotoen erwarden.

Daat as alles vir den Ufank. 😛

P.S.: Hei nach epuer “onabsichtlech” geleakten Infos zum Wëllefprogramm 2014, upps… #Ägypter, #YOUtube, #Zirkus, #um Feier kachen, #Wellefweekend, #Spaß hun, #Täschenmesser, #vill Fuerw

😀
är Wellefchef !!