Fliedermaus. Foto: James Wainscoat (Unsplash)

Infoziedel bis den 10. Juli 2021

Fir Iech alleguer

Nationalfeierdag Mëttwoch den 23.06.2021

Wéinst de sanitäre Mesurë kenne mir leider dëst Joer nach keng Spiller am Park maachen. D’Gemeng organiséiert awer kleng Feierlechkeeten zu Rodange wou mir als Guiden a Scoute vu Péiteng sollen derbäi sinn.

09:15h: RDV zu Rodange op der Place Jos Moscardo a Foulard an Uniform (wien eng huet) fir di offiziell Ried vum Buergermeeschter. Duerno um 10:15h feierlechen Te Deum an der Porkierch zu Rodange. Nom Te Deum ass den offiziellen Deel eriwwer an d‘Kanner kenne mat hiren Elteren erëm heem goen.

Mellt Iech w.e.g. beim Claire (621 68 39 99) un fir dat mir eng Gruppen-umeldung bei der Gemeng maache kennen. Et wier flott wann mir eng Delegatioun mat Guiden/Scoute vun all Alter zesummestelle fir d’Guiden a Scoute vu Péiteng würdeg ze representéieren.

Fir d’Biber

Léiw Biber, mir ginn d’ Fliedermais kucken ! Eise Bësch ass wei dir villäicht wësst en Naturschutzgebitt, ënnert anerem well do Fliedermais wunnen. Mir wollten déi mat iech kucke goen. Well en déi awer nëmmen Owes geséit wann et däischter ass treffe mir eis de 26.06.2021 owes um 19.30 um Prënzebierg. Dot iech waarm un a bréngt eng Täscheluucht mat. Mir maachen en Trëppeltour iwwert de Giele Botter. D’ Eltere sinn och invitéiert fir matzegoen, wann dir selwer d’ Fliedermais wëllt gesinn oder äert Kand net eleng wëll matgoen. Mëllt iech w.e.g. bei Claire (+352 691309108) bis de 24.06.2021 un. Den Dag hunn mir mëttes  KENG Versammlung. Wann d’ Wieder fir den Dag ze schlecht sollt si verréckele mir dat ganzt ob den 03.07.2021. Mir informéieren iech awer fréizäiteg doriwwer.

Den 03.07. an den 10.07. hunn mir normal Versammlung vu 14.00 bis 16.00 um Prënzebierg.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher elo stinn di lescht Versammlunge fir dëst Joer un. Dofir treffe mir eis wie gewinnt de 26.06 , den 03.07 an den 10.07 vu 14-16h um Prënzebierg. Mir léieren den Harry an seng Kolleege weider besser kennen. Denkt drun iech fir de Camping beim Alex  (691 177 773) un ze mëllen. De Camping ass vum 19. bis de 25. Juli zu Wolz am Chalet Jitz (rue des Pêcheurs – L 9511 Wolz).#Draamschlass

Fir d’Avex

Mir hun di nächst dräi Samschdeger , den 26.06 , den 03.07 an den 10.07 , Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg.  Kuckt och bei « Fir Iech alleguer » fir den Nationalfeierdag.

Fir d’CaraPio

Kënnt dir dës Rechnung verbesseren, andeems der just ee Stréch dobäi molt?
5+5+5=550
Ween an eiser nächster Versammlung d’Äntwert weess gewënnt eng Kamell! D’CaraPio Geheimschrëft aus dem leschten Infobréif war: „Assisi“.

Eis nächst Versammlung ass Samschdes de 26.6. um Prënzebierg.
Den 3. Juli ass Pabeiersammlung, kuckt fir d’Detailer weider ënnen am Bréif.
Den 3. Juli gesi mer eis och fir eis Ofschlossversammlung e bëssen éischter: RDV ass direkt no der Pabeiersammlung (ongeféier 12:45) um Prënzebierg. Mir grillen zesummen, bréngt w.e.g. dat mat wat dir iesse wëllt. Schluss ass wéi üblech um 16:00.
Den 10. Juli ass scho keng Versammlung méi. Et ass de Weekend vum Iron Scout. Et huet kee vu Péiteng sech ugemellt mä et gi Chef do gebraucht.

Hei nach Biller vun eiser leschter Versammlung wou mer mat dem 3D Drucker an der Fräs geschafft hunn. Dir kënnt och Fotoe vun den anere Versammlunge vun dësem Joer am online Fotoalbum vun 2021 kucken.

Fir d’RaRo

Mir hunn di nächst Samschdeger den 26.06 , den 03.07 an den 10.07 normal Versammlung. Dat wäerte méi sportlech Versammlunge sinn : Beachvolleyball, Badminton … dofir ass den Treffpunkt net ëmmer um Bierg. Jee no Wiederlag kucke mer dat relativ spontan. Eisen Camping ass zesumme mat den Albatross vum 5.  Bis den 12 September. Umellen kennt dir Iech beim Ben.

Fir d’Albatrossen

Eisen Camping ass zesumme mat den Albatross vum 5.  Bis den 12 September. Umellen kennt dir Iech beim Ben.

Fir d’Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Fir den Nationalfeierdag kuckt bei « Fir Iech alleguer ». Den Samschde 3 Juni ass Pabeiersammlung RDV wie ëmmer um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Elo schonns e grousse Merci fir är Hëllef

Fir d’Chef

Den nächste Grupperot ass den Dënschden 29 Juni um 20h.

Titelfoto vum James Wainscoat (Unsplash)

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top