Summer Camp

Infoziedel fir d'Summervakanz 2021

Fir Iech alleguer

Dëst ass de läschten Ziedel fir dest Scoutsjoer.

Ech wenschen Iech alleguer e flotte Camp, eng schéi Vakanz an haalt Iech gesond.

Fir d’Biber

Mir wënschen iech eng schéin, erhuelsam Vakanz a freeën eis drop Iech am September erëm rëm ze gesi wann mer an dat neit Scoutsjoer starten.

Fir d’Wëllefcher

Yeah. et geet gläich op de Summercamp! #Märchen Mir gi vum 19 bis de 25 Juli op de Summercamp an de Chalet Jitz zu Wolz. ( rue des pêcheurs L – 9511 Wilz) D‘Eltere bréngen d‘Kanner a kommen se och erëm sichen.
Mathuelen musst dir ob de Camping ee grousse Rucksak mat:

  • Kleeder fir waarmt, kaalt, an/ oder naasst Wieder
  • frësch Ënnerwäsch fir all Daach,
  • eng fett Fleecejackett, K-way + Box
  • Schlofsak,
  • Wäschsaachen, Buedduch, Schwammsaachen, (Äermercher fir déi déi sech nach bësse méi onsécher am Waasser fillen), Wasserschlappen,
  • Lieblingsteddy an all aner Saachen déi dir braucht fir gutt ze schlofen,
  • Pyjama, Kappkëssen
  • Klenge Rucksak
  • Täscheluucht an Täschemesser,
  • Foulard an Uniform (fir déi déi schonn eng hunn) 
  • Bidon,
  • Kap oder Sonnenhutt,
  • Sonnecrème an Insektenspray,
  • Schlappe fir am Haus
  • fest Biergschong fir dobaussen.
  • An 2 Spulldicher… ja nerveg mee muss och gemaach ginn.
  • speziell fir dëst Joer och min 1. Mask/Buff
  • perséinlech Medikamenter

Et ass wichteg dass all är Saache mat ärem Numm gezeechent sinn! Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Täschegeld a Séissegkeeten. De Camping fänkt den 19ten um 14h un an hällt de 25ten um 15h op, mir invitéieren dofir all d’Elteren hier Kanner erëm sichen ze kommen ^^
De Camping kascht 140€ fir dat eicht Kand an 120€ fir dat 2. Kand aus der Famill. Dir kennt d’Suen cash mat op de Camping matbréngen. Ausserdeem brauch all Participant eng ausgefëllte Fiche Medicale (am Unhang, w.e.g. ausprinten an ausgefëllt matbréngen) a Kopië vun Ärer Impfkaart a Carte d’Identitéit.

Speziell Covid-Moossnamen : Am Ufank vum Camping ginn all Participants (Kanner a Chef) mat engem Schnelltest getest. Um Camping selwer brauche mer keng Mask unzedin. Bréngt awer eng Mask mat fir eis Ausflich. Är Eltere mussen och de Consentement Formular ausfëllen ,deen am Unhang ass, an en matbréngen.
Falls Froen oder Schwieregkeete besti kenn dir gäre beim Alex 691 177 773 nofroe resp ärch umellen.

Fir d’Avex

Camp-Infoen:

Start: Bréngt w.e.g. äert Kand fir Méindes, den 19. Juli fir 14:00 Auer op Klengbetten op d‘Gare. Dot w.e.g är Uniform an äre Foulard un wann der kommt! Schluss: Dënschdes, 29. Juli, dir kennt  äert Kand fir 15:30 Auer op Klengbetten op d‘Gare nees siche kommen. De Präis vum Camp ass 150€.  Matzebréngen den Dag vum Camp:
-Fiche médicale, déi ausgefëllt ass (fannt der op lgspeiteng.lu/doc)
– de Präis vum Camp a cash Suen
– Dateschutzerklärung vun de Käerjenger Guiden a Scouten am Unhang.                                                     -Covid 19 Consentement Formulaire vun de LGS am Unhang. W.e.g. ausgefëllt matbréngen

Weider Infoen: Nummere wou der d’Chef um Camp areeche kennt: Fränz 691 94 24 84 W.E.G. just wärend den Iesszäiten uruffen

Materiallëscht:
WICHTEG: Markéiert är Saache virun allem d’Gamelle an d’Besteck, vill Leit hunn dat selwecht!
– Ënnerwäsch a Strëmp fir all Dag ze wiesselen
– Wanderschong (Am Beschten undoe fir dohin)
– Uniform + Foulard (Hu mir un wann mir ukommen)
– Normal Schong oder Turnschlappen
– Gezei fir all Wieder
– Sonnekap oder –hutt, Sonnecrème, Anti-Moustique Spray
– Wäschsaachen
– 3 Kichendicher
– Carrymatt a Schlofsak
– K-Way/Reenjackett
– Schwammsaachen
– Bidon (keen ze klengen), Becher a Gamelle mat Besteck
– Täscheluucht an Täschemesser
– Bic a Block
– klenge Rucksak
– Medikamenter falls der gebraucht ginn
– Waasserschlappen oder al Schong déi kennen naass ginn
– Perséinleches z.B eng Mask/Buff
– Oueren-stepp falls ee Problemer mat Geschnarchs huet
Wäertsaachen (z. B. Handy) a Séissegkeete sollen doheem bleiwen! Mir wäerten eis um Camp un d’Hygiènesvirschrëfte vum Verband, vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, halen. Dir kennt déi op  Lëtzebuerger Guiden a Scouten | COVID-19 (lgs.lu) noliesen

Fir d’CaraPio

Och an der Vakanz gëtt är Hëllef gebraucht, liest duerfir bei: Fir all d’CaraPio, d’RaRo,d’Cheféquipe, d’Guilde an d’Matarbechter a maacht mat!

Fir d’RaRo

Fir déi di interesséiert sinn : Den Freiden 16 Juli plangen mer an der Albatross-Versammlung eisen RaRo-Alba-Camp um 20h um Bierg.  Kuckt och bei „Fir d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Chef a Mataarbechter“.

Fir d’Albatrossen

Fir déi di interesséiert sinn : Den Freiden 16 Juli plangen mer an der Albatross-Versammlung eisen RaRo-Alba-Camp um 20h um Bierg.  Kuckt och bei „Fir d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Chef a Mataarbechter“.

Fir d’Chef

Den Dënschden 13 Juli treffe mer eis um 20h um Bierg fir den Nomëtte mat der Vakanzaktion fir ze bereeden. Den nächsten Grupperoot ass de 15.09.2021 um 20h am Chalet.

Fir d’CaraPio, RaRo,Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Schaff-WE:

Et gëtt Zäit fir e puer Aarbechte ronderëm de Chalet an eng Raumaktioun an der Garage zu Rodange. Duerfir maache mer de Weekend vum 31 Juli – 01 August e Schaffweekend um Prënzebierg. De Weekend fänkt  um 11h un a geet bis Sonndes nomëttes. Mëllt Iech w.e.g. bis den 28.07 beim Claire (621 68 39 99) un fir dat mer d’Iessen plange kennen. Matbréngen: Motivatioun, Schaffhändschen an alles wat dir braucht fir am Chalet ze iwwernuechten.

Vakanzaktioun:

Dëst Joer fënnt erëm eng Vakanzaktioun statt, wann och mat verännertem Programm.  Mir organiséieren den Nomëtte vum Donneschden 5 August mat flotte Spiller um Bierg. Dëst ass fir d’Kanner am Wëllefchersalter vum Cycle 2. Fir dat den Nomëtte flott gëtt, brauche mir Leit déi eis do eng Hand upaken. Moies vun 9°° un, riichte mir op. Mir iessen um Bierg zu Mëtteg d’Kanner si vu 14.30 Auer bis 17.30 Auer do. Wann s Du wëlls hëllefen, da so mir w.e.g Bescheed um 621 68 39 99 .  MERCI!!!

 Pabeiersammlung:  

Di nächst Pabeiersammlunge sinn den 7 August an den 4 September . R.d.v. um 8.30 Auer zu Péiteng um ale Site vun der Ecosider.  Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sinn ass et extra wichteg dass jidderee wou kann, och do ass. MERCI!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top