Scoutsziedel bis den 7. Mee 2011

Fir all d’Wëllefcher:
Salut, mir hunn den 30. Abrëll an de 7. Mee all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir op de Kalenner: Eise Summercamp ass vum 16. bis den 23. Juli um Kuelbicherhaff (bei Miersch). Haalt iech dësen Datum alt frei, weider Detailer kommen no.

Fir all d’ AvEx:
Salut, mir hunn den 30. Abrëll an de 7. Mee all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Fir op de Kalenner: Eise Summercamp ass vum 18. bis den 26. Juli um Kuelbicherhaff (bei Miersch). Haalt iech dësen Datum alt frei, weider Detailer kommen no.

Fir all CaraPio:
Salut, mir hunn den 30. Abrëll vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
Freides de 6. Mee ass et esou wäit! Mir gin op den Iron-Scout. R.d.v ass um 20°° zu Péiteng op der Gare. Mir fuere mam Zuch Auto op Klierf. Samschdes moies soubal d’Sonn opgeet geet et da lass. Mir sin Sonndes fir d’Mëttegiessen erëm zu Péiteng. Hutt dir nach eng Fro? Da rufft einfach dem Lukas un, um  661620846.
Vum 28. bis den 30. Mee gi mir op de Päischtweekend um Neihaischen. Dëst ass eng Firbereedung fir de Jamboree. Détailer kommen no.

Fir all RaRo:
Salut, mir hun den 30. Abrëll an de 7. Mee all Kéier vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.

Fir all d’Mataarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Lies nëmmen weider wann’s de op der Pabeiersammlung waars 🙂
Déi läscht Pobeiersammlung war ee Genoss, et war super dass esou fill Leit gehollef hun, da mecht daat jo richteg Spaass. MERCI dass DU derbei wars!

1 thought on “Scoutsziedel bis den 7. Mee 2011”

  1. Avatar

    Korrektuur:

    Fir all CaraPio:

    Freides de 6. Mee ass et esou wäit! Mir gin op den Iron-Scout. R.d.v ass um 20°° zu Péiteng op der Gare. Mir fuere mam AUTO net mam Zuch op Klierf.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top